En Dënschdeg de Moie war den David Viaggi eisen Invité vun der Redaktioun.

Mir hu nach ëmmer keng Äntwerten op d’Froen: "wat soll gebaut ginn... / wéi grouss... / wéi vill Kaméidi bréngt et mat sech..., an sou weider...". Dat sot den David Viaggi en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun, zum Dossier Google.

Hie selwer wäert dëse Freideg als neie Biisser Buergermeeschter vereedegt ginn.

De Projet u sech vum geplangten ominéisen Data-Center géif och den neie Schäfferot ënnerstëtzen, mä et wënscht ee sech méi Ënnerstëtzung vun der Regierung.

D’Gemeng hätt och nach aner Dossieren ausser Google, déi missten ugepak ginn, sot den David Viaggi, deen eng gewëssen Onsécherheet zu Google net verstoppt huet. De PAP, dee muss gemaach ginn, soll Äntwerten op déi oppe Froen liwweren, där et nach eng helle Wull géif ginn. Dass Google nach ëmmer wéilt op Biissen kommen, dorunner géing et dem zukünftege Buergermeeschter no, awer keen Zweiwel ginn.

Invité vun der Redaktioun: David Viaggi