De 25. Oktober ass den Europäeschen Dag vun den Affekoten. De Bâtonnier Me François Kremer war eisen Invité vun der Redaktioun.

Hei zu Lëtzebuerg sinn 3'010 Affekoten um Barreau ageschriwwen. Dorënner och Gesellschaften, sou datt et 2'800 reell Affekote gëtt.

Dat sot de Bâtonnier, de Me François Kremer e Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.

Dëse Freideg ass den europäeschen Dag vum Affekot, wou eng ganze Partie Affekoten eng gratis Berodung vun enger hallwer Stonn ubidden.

Hie wier iwwerdeems vu kenger eenzeger Plainte befaasst, well e jonken Affekot net anstänneg bezuelt géif ginn. Esou Rumeure wieren him zwar och schonn zu Ouere komm, mä bis ewell wier nach keen un hien eru getrueden.

Kloer wier, datt de Beruff vum Affekot e Liberale wier, et gëtt kee Mindestloun. Et ass an der Charta vum Barreau festgehalen, datt ee muss adequat bezuelt ginn. Wéi vill dat wier fir e Jonken, dee frësch vun der Uni kënnt, gëtt net präziséiert. Adequat heescht adequat, sou de François Kremer.

D'Honorairen, déi en Affekot ka froen, sinn net festgeluecht. Dat mécht ee mam Client aus. Eng 100 Reklamatioune wéinst ze héijen Tariffer kommen all Joer beim Barreau eran.

De Beruff vum Affekot ass op alle Fall nach ëmmer beléift a gefrot hei am Land. 300 kommen all Joer bäi.

D'Lëtzebuerger sinn ënnert den Affekoten an der Minoritéit. Et gi grad sou vill Fransousen an och Däitscher a Belscher, sot de Bâtonnier, de Me François Kremer.

Invité vun der Redaktioun: Me François Kremer

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.