En Donneschdeg de Moie war de gréngen Deputéierten a Stater Gemengeconseiller eisen Invité vun der Redaktioun.

D’Debatt gëtt hefteg gefouert, mä dat ass och wichteg esou! Dat sot de François Benoy en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun, zum Thema Klima-Debatt.

De President vun der parlamentarescher Ëmweltkommissioun fënnt, dass et ëm net méi a net manner wéi eiser alleguerten Zukunft geet.

Et wier kloer dass ee sech dofir misst ëmstellen, mä d’Politik misst d’Leit mat op dee Wee huelen. Dat wier méiglech ëmzesetzen, och andeems kee verléiert.

D’Klimaschutzgesetz géif den Ament diskutéiert ginn. Et wier evident, dass ee sech hei misst e gudde Kader setzen, an dat géif een och maachen, sou nach de gréngen Deputéierten.

Déi rezent Diskussioun iwwer Gewaltentrennung dann, och dat wier e wichtege Sujet. An dowéinst ass jo och en Hearing zum Thema an der Chamber geplangt. Elo misst awer nees Rou an den Dossier kommen, sou de François Benoy, deen awer och deels Versteesdemech mech huet fir d'Justiz. Déi huet d'Gefill, si wier hei deels zum Spillball vun der Politik ginn.

Invité vun der Redaktioun: François Benoy

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.