En Donneschdeg de Moie war de President vun der Mënscherechtskommissioun eisen Invité vun der Redaktioun.

De Mënschenhandel geschitt am Däischteren, do wou keen hikuckt. Dofir musse mer gutt oppassen a gutt opgestallt sinn. De President vun der Mënscherechtskommissioun, de Gilbert Pregno, war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

31 Affer bannent 2 Joer goufe gezielt, esou de Gilbert Pregno. Hie geet vun enger grousser Donkelziffer aus. Et kéinte 5 mol méi Affer sinn. Et misst dru geschafft ginn, fir méi präzis Zuelen ze kréien. Ënnert anerem missten de Parquet an d'Police beim Receuil besser opgestallt ginn.

Et hätt ee Fäll gehat vu Mënschenhandel hei am Land an der Prostitutioun, mä och an der Aarbechtswelt, an der Gastronomie oder um Bau zum Beispill.

De Gilbert Pregno mécht an deem Kontext nawell ferme Reprochen un d'Gewerbeinspektioun. D'ITM hei géif ewech kucken, wéi hie seet. Si géife soen, de Mënschenhandel géif net an hir Kompetenz falen.

D'ITM misst per Gesetz eng Compétence exclusive kréien, ma och elo scho kéint d'Inspektioun Signalementer maachen, mécht se awer net, bedauert de Gilbert Pregno. Och haut scho kéint d'ITM Mënschenhandel der Police mellen. Dat géif se awer net maachen. Och dann net, wann Affer sech bei hir mellen. Näischt maache wier eng Hëllef fir d'Mënschendhändler.

D'Commission des droits de l'homme huet de Rapport zum Thema Mënschenhandel publizéiert.

Virun 2 Joer hat d'CCDH de leschte Rapport presentéiert. Zënterhier wier och scho Villes ëmgesat ginn, sou nach de President vun der Mënscherechtskommissioun.

Invité vun der Redaktioun: Gilbert Pregno

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.