E Mëttwoch de Moie war d'Generalaffekotin eis Invitée vun der Redaktioun.

D'Kommunikatioun tëscht Jugendriichter a Sécherheetsstrukturen zu Dräibuer ass gutt, sou d'Generalaffekotin beim Parquet général.

D'Simone Flammang huet sech e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview géint d’Virwërf vun der Mediatrice Claudia Monti virun zwou Woche gewiert. Och de Virworf, de Parquet général hätt net gutt mat der Mediatrice kommunizéiert, léisst d'Simone Flammang net gëllen. Et hätt een op d'Bréiwer geäntwert, "natierlech am Respekt vum Jugendschutzgesetz". De Parquet général dierf dem Gesetz no net all d'Donnéeën erausginn, "déi si sech vläicht gewënscht huet".

Am Zesummenhang mat der Remark vum Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand, datt Mannerjäreger ouni Elteren am Land opgedaucht sinn an zum Deel einfach vum Radar verschwonne sinn, huet d'Simone Flammang iwwerdeems d'Responsabilitéit vun aneren "Instanzen" erwäänt, wéi beispillsweis d'Servicer vun der Immigratioun. Et wier och net esou, datt d'Jugendschutzgesetz sech net géing applizéieren, wa keen eng "elterlech Gewalt" géing iwwert e Mannerjäregen ausüben.

Schutz an/oder Strof

Wat d’Reform vum Jugendschutzgesetz vun 1992 ugeet, huet d'Simone Flammang bedauert, datt de Konsens, deen de fréiere Justizminister Felix Braz fonnt hat, ewech gebrach ass. Dat géif dorunner leien, datt vill Leit "domadder ze dinn hunn a vill Leit hu verschidde Meenungen". Jugendschutz wier och eng komplex Matière.

Zur Erënnerung: dem fréieren CSV-Justizminister Luc Frieden säi Versuch war 2004 am Sand verlaf. Déi nei gréng Justizministesch Sam Tanson huet d’Consultatioun relancéiert, nodeems hire Virgänger de Felix Braz en éischte Projet de Loi ausgeschafft huet.

D'Generalaffekotin sot d'Associatiounen, déi sech fir d'Rechter vum Kand asetzen, géinge sech elo "komescherweis fir e Jugendstrofrecht" staark maachen a fir e méi klore Kader. D'Simone Flammang ass awer der Meenung, datt dat de "méi repressive Gedanken ass". Fir d'Justiz wier de Gedanke vum Jugendschutz deen, "datt en eis erlaabt ze kucken, net wat de Mannerjärege gemaach huet, mä wien ass de Mannerjäregen a firwat huet en dat gemaach".

Op d'Fro, ob d'Justiz net awer scho repressiv Moyenen huet, sot d’Simone Flammang, "eng Reprimande, dat heescht och emol de béise Fanger gewisen ze kréien. Z'erklären, klauen, dat mécht een net".

Invité vun der Redaktioun: Simone Flammang

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.