Den Diddelenger Deputé-Maire Dan Biancalana war e Mëttwoch de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Presidence vum Pro-Sud ass en demokratesche Vott. Jo hei spillen awer och Koalitiounslogiken, sou den Diddelenger Deputé-Maire Dan Biancalana vun der LSAP am RTL-Interview.

Hie koum am Vott op déi zweet Plaz, hannert dem Anouk Boever-Thill vun der CSV.

Ech wënschen der neier Pro-Sud-Presidentin awer vill Gléck bei all de wichtege Projeten, déi mer am Süde wëllen ëmsetzen. Déi 11 Gemenge mussen hei zesummeschaffen.

Verschidde Bauprojete goufen och mam Invité vun der Redaktioun ugeschwat.

Diddeleng plangt en neie CGDIS-Interventiounszenter zesumme mat Beetebuerg. Do gouf et elo Diskussiounen, wou dee soll hikommen. Beetebuerg huet en Terrain an d'Spill bruecht. Viru gutt 3 Joer hat Diddeleng den Optrag kritt e passenden Terrain ze fannen. Dat hu mer gemaach, sot den Dan Biancalana, mir hunn eis Hausaufgabe gemaach an en Terrain an der nationaler Industriezon Riedgen fonnt. Deen Terrain ass zréck behale ginn an Etude lafen. De CGDIS wär de Bauhär.

D'Filmstudioen, déi zu Diddeleng sollten entstoen an déi am Koalitiounsaccord dra stinn, si vum Dësch. De Projet wier ze deier ginn. Dat bedauert den Diddelenger Buergermeeschter.

Elo muss gekuckt ginn en aneren nationale Projet op de Site „Nei Schmelz“ ze kréien, duerch deen och Aarbechtsplazen entstinn. D'Regierung wär do an der Responsabilitéit.

Deementspriechend Diskussioune mat der Regierung sinn an den nächste Woche geplangt.

Invité vun der Redaktioun: Dan Biancalana

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.