Den Deputéierte vun der CSV war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

"Et ass immens spannend", dat sot den CSV-Deputéierte Paul Galles um Méindeg de Mueren am RTL-Interview.

Hien huet de Bilan no 14 Méit um Krautmaart gezunn.

"Ech probéiere meng Wäerter an der Politik ëmzesetzen: Dignitéit vun der Persoun, Schutz vun der Natur, d'Zesummeliewe vun de Mënschen. Am Januar hunn ech an deem Kontext och eng Interpellatioun an der Chamber ugefrot, iwwert den Aarmutsrisiko. Ech kréie vill gehollef. An der CSV gëtt et och vill Erfarung vun där ech profitéieren", sou den Invité vun der Redaktioun weider.

D'CSV war säin éischte Choix.

"An awer schaffen ech och gäre mat Leit aus anere Parteien zesummen, sichen no gemeinsame Weeër, och an der Majoritéit", erkläert den CSV-Deputéierte Paul Galles.

Hien ënnersträicht awer och, datt hien, wann et si muss, déi politesch Konfrontatioun net fäert.

Invité vun der Redaktioun: Paul Galles

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.