De gréngen Deputéierten war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

"Et ass e Léierjoer gewiescht, an dat ech awer mengen ech gutt eragewuess sinn". Dat sot de Charles Margue e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De gréngen Deputéierten ass jo President vun der parlamentarescher Justizkommissioun.

A punkto Fichiere wier d'Bestandsopnam souwäit ofgeschloss. De Parquet hätt sech elo Reegele ginn, en attendant datt gesetzlech nogebessert gëtt.

Dat wichtegst wier, dass d’Justiz an d‘Police anstänneg kéinte funktionéieren.

Et géif ee gutt virukommen an am Mäerz géing ee sech déi nächste Kéier zesumme mat der Kommissioun fir bannenzeg Affäre gesinn. Déi gesetzlech Nobesserunge kéinten Enn 2020, oder ufanks 2021 Realitéit ginn.

D'Kommunikatioun a Saache Fichiere stoung dacks an der Kritik, zemools d'Oppositioun hat sech opgereegt.

De Charles Margue gesäit dat net onbedéngt esou. Jidderee wier iwwerrascht gewiescht.

Op alle Fall wier et als Net-Jurist net ëmmer einfach gewiescht am Ufank an der Justizkommissioun.

Och beim Jugendschutz géif d’Aarbecht gutt weidergoen. De verschiddene Kriticke géing sou gutt et geet Rechnung gedroe ginn. Et wéilt een op alle Fall eng kannerfrëndlech Justiz kréien.

De Charles Margue ass net der Meenung, datt d'Regierungskoalitioun Rëss huet, och wann natierlech géing diskutéiert ginn.

Déi gréng Fraktioun mat ville neie Gesiichter wier gutt opgestallt, et géing vill geschafft ginn an et hätt een och vill Spaass.

Invité vun der Redaktioun: Charles Margue

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.