E Freideg de Moie war déi Deputéiert vun déi Gréng eis Invitée vun der Redaktioun.

En Aussetze vun der Hausse vun den Accisen ass, trotz dem aktuellen Drock op d'Pëtrolspräisser, fir déi Gréng keng Optioun, dat sot d'Co-Parteipresidentin Djuna Bernard e Freideg de Moien am RTL-Interview. Domadder kënnt d'Regierungspartei der Demande vum Groupement pétrolier an der CSV also net no. Den internationale Kontext sollt net verhënneren, datt déi grondsätzlech Politik ronderëm d'Accise geännert gëtt, well dat wier nach ëmmer néideg, sou eis Invitée nom Neijooschpatt vun hirer Partei en Donneschdeg den Owend.

2019 war fir déi Gréng sonner Zweiwel turbulent, nawell hätt een e gutt Resultat bei den Europawale gemaach a gutt Aarbecht an de verschiddene Ministèren. Nom Schicksalsschlag vum Félix Braz, hätt d'Joer awer och ganz positiv opgehalen.

D'Djuna Bernard huet do notamment den nationale Klima- an Energieplang genannt. Deen hätt e ganz staarkt Signal gesat. Zukunftsweisend.

2020 gëtt d'Joer vum gratis ëffentlechen Transport

A 7 Woche gëtt den ëffentlechen Transport gratis. Nieft dem Präisvolet misst awer och d'Offer weider verbessert ginn. D'Qualitéit vum ëffentlechen Transport verbessert sech 2020 sou, Djuna Bernard.

A Saache Park & Riden un de Grenze zum Beispill wieren och scho Saachen an der Pipeline.

Et wéilt een net nëmme verbidden, mä och Alternative bidden, sou géif een d'Leit mathuelen.
Ween awer d'Ëmwelt verknascht, misst och e Präis bezuelen. Dat wier gréng Politik.

D'CO2-Steier misst natierlech mat Kompensatiounsmesurë begleet ginn. Do verweist, déi gréng Politikerin op d'Steierreform. Dat wier e groussen Dossier, deen een net kéint iwwert de Knéi briechen.

Hëllefen fir de private Wunnengskaf ginn ugepasst

De Logementsproblem dann: Déi Gréng hu jo och de Wunnengsbauministère an hire Ressorten. Do wéilt ee mat neien Hëllefen, fir Leit déi wëlle kafen, bauen oder renovéieren, usetzen. D'Djuna Bernard huet op nei Hëllefe fir de Wunnengskaf vu Privatleit verwisen, déi dëst Joer kommen ouni elo schonn an den Detail ze goen. Just sou vill, d'Hëllefe fir de private Wunnengskaf wiere vereelzt.
D'Loyersgesetz soll och reforméiert a domadder d'Locatairë besser geschützt ginn, donieft sollen dëst Joer  Dispositioune fir Wunngemeinschafte kommen.

Allgemeng wier et d'Prioritéit de Pool vun ëffentlechen abordabele Wunnengen auszebauen an dann och an der ëffentlecher Hand ze halen. Hei géif de Pacte logement 2 wichteg Jalone setzen.

Invité vun der Redaktioun: Djuna Bernard

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.