E Méindeg de Moie war déi Deputéiert vun déi Gréng eis Invitée vun der Redaktioun.

Et gëtt een an d'kaalt Waasser gehäit. Et fänkt ee komplett bei Null un, seet d'Chantal Gary, nei gréng Deputéiert. Si war e Méindeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.

Zanter gutt zwee Méint sëtzt si an der Chamber.

Am Ufank misst ee Mol de Fonctionnement vum Parlament genee kenne léieren an duerno géing ee sech der Rei no an d'Dossieren eraschaffen. Si hätt awer vu ville Säite gehollef kritt. D'Chantal Gary sëtzt a 9 parlamentaresche Kommissiounen.

Ee Kärthema ass fir d'Hobbywënzerin natierlech de Wäibau. An de Miseler Wéngerte wier de Klimawandel allzäit schonn däitlech visibel, d'Wënzer kéime wuel net dolaanscht sech ëmzestellen a misste mat verschiddenen neien Technike schaffen.

Fréier hat ech den Neelchen an de Fanger, wa mer an d'Lies gaange sinn, sot d'Chantal Gary. Haut wär dat net méi sou. Haut géif een deels bei 20 Grad liese goen.

En anere wichtege Sujet ass fir d'Chantal Gary d'Mobilitéit. Si plädéiert fir eng multimodal Mobilitéit. Et soll op Basis vun enger Alldagssituatioun gekuckt ginn, wéi ee sech ka fortbeweegen a vläicht heiansdo op den Auto ze verzichten.

De Groupement Pétrolier hat jo gefrot, fir d'Hausse vun den Accisen ze verréckelen, well d'Präisser elo scho wéinst der Iran-Kris ugezunn hunn. Eigentlech huet dat wéineg mateneen ze dinn. Et misste Mesure geholl ginn, fir de Klimaschutz.

Fir d'Automobiliste wäert et méi deier ginn, seet d'Chantal Gary, mä et misst ee bedenken, datt vill vun deene Suen a Klimaschutzmesurë wäerten investéiert ginn. Klimaschutz wier och Mënscheschutz, jidderee wéilt méi Liewesqualitéit. Hir gréng Partei géing op alle Fall nach weider staark op d'Thema Klimaschutz setzen.

Invité vun der Redaktioun: Chantal Gary

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.