E Freideg de Moie war de Frank Wolter, den Direkter vun der Naturverwaltung, eisen Invité vun der Redaktioun.

Den Impakt vum Klimawiessel op de Lëtzebuerger Bësch ass grouss. Dat hunn Analysen iwwert déi lescht Joren gewisen. Dat sot den Direkter vun der Natur- a Bëschverwaltung um Freideg de Moien. De Frank Wolter war eisen Invité vun der Redaktioun. Hie sot awer och, datt sech krank Beem kéinten erhuelen. Wa sech d'Konditiounen verbesseren.

Mä net nëmmen Hëtzt a grouss Dréchent maachen d'Bëscher futti.

Aner Problemer si Bam-Zorten, déi guer net hei hätte solle geplanzt ginn. Zum Beispill Fiichte gehéieren net an eist Klima. De Borkenkäfer plot déi och. Och d'Wëld géif dem Bësch vill schueden. Notamment d'Réi, déi gären u jonk Beem friesse ginn.

D'Regierung wéilt de Bësch-Proprietären elo mat Subsiden hëllefen, fir datt se neie Bësch kënnen uplanzen. A si solle besser informéiert ginn, wat uplanzen, fir méi resistent Bësch ze schafen...Bëscher, mat verschidden Zorte Beem, solle gesat ginn.

De Wëldschued ass also ganz héich an de Bëscher. Besonnesch d'Réi maache Problemer. Et gëtt keen natierlech Feind, de Wollef ass jo net méi do. Et muss also geschoss ginn. Déi meescht Jeeër géifen eng gutt Aarbecht maachen, seet de Frank Wolter, mä op e puer Plaze géif et Problemer ginn.

D'Muffelen am Bësch zu Iechternach hunn Iwwerhand geholl. Muffelen, dat si Wëllschof, déi net einheimesch sinn mä eng Kéier do ausgesat goufen. Lo sollen se geschoss ginn. Eng éischte Kéier gëtt geschwënn eng administrativ Juegd hei am Land organiséiert, am Respekt vum Déier. De Juegdpéichter hätt gefrot, fir gehollef ze kréien.

Déi Afrikanesch Schwéngspescht, do gëtt et weider kee Fall hei am Land. An der sougenannter „Zone blanche“ tëscht Lëtzebuerg an der Belsch, wou keng Wëllschwäin méi solle sinn, goufe bis ewell 11 Schwäin an de Fale gefaangen. Eng änlech Zuel wéi déi, déi geschoss goufen. D'Fale bleiwen och do, fir de Fall, datt nach Wëllschwäin an der Zon wären. Aktuell wieren net weider Mesure géint d'Pescht néideg.

De Fuuss war och Sujet am Interview mam Direkter vun der Naturverwaltung. Et gi keng genau Zuele wéi vill Fiiss et gëtt, zanter en net méi däerf geschoss ginn. Mä et géif keng negativ Messagë ginn, datt iwwerall e Fuuss gesi gëtt. Positiv wär awer, datt d'Zuel vun den Déiere mam Fuussebandwuerm stabel bleift, Moossunge vun zejoert hätte gewisen, datt d'Zuel souguer liicht erof gaangen ass.

Invité vun der Redaktioun: Frank Wolter

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.