E Méindeg de Moie war de gréngen Energieminister eisen Invité vun der Redaktioun.

D’Hausse vun den Accisen um Bensinn an Diesel ass nach ëmmer tëscht Februar an Abrëll virgesinn. De gréngen Energieminister Claude Turmes wollt oder konnt e Méindeg de Moien hei op RTL awer nach kee geneeën Datum nennen. Et géing een de Marché genee am A halen. Prinzipiell wier decidéiert, datt de Bensinn ëm 1 bis 3 Cent de Liter an den Diesel ëm 3 bis 5 Cent de Liter soll méi deier ginn.

Zil ass et, manner Camionen op d'Lëtzebuerger Pompel unzelackelen, d'Loftqualitéit ze verbesseren a méi Gidder op den Zuch ze kréien. Vun der Iddi vun enger Maut, sou wéi den CSV-Parteipresident proposéiert, hält den Energieminister näischt. Den Europäesche Geriichtshaff hat Bayern verbueden, eng selektiv Maut anzeféieren. Donieft huet de Minister d'Fro zeréckgeschéckt, wéi deier déi Maut fir 20 Kilometer misst sinn, fir en Effet ze hunn a wat déi Maut fir d'Frontaliere géing bedeiten.

Wéi een Auto soll ee sech aktuell am beschte kafen? Op déi Fro huet de Claude Turmes geäntwert, datt, wann ee sech nach e Bensin- oder Dieselauto keeft, dann am beschten iwwer Leasing. Den Autosmarché wier nämlech am Ëmschwong an dowéinst kéint een net wëssen, wéi vill een nach fir en Occasiounsauto kritt.

Eng Alternativ wier den Elektroauto, sou de Claude Turmes. Zu Blackouts, also en Zesummebroch vum elektresche Reseau, kéint et net kommen. De Minister sot et wier "eng Intelligenz" an de System agebaut ginn, fir ze verhënneren, datt all Elektroautoen gläichzäiteg op engem Reseau opgeluede ginn.

Invité vun der Redaktioun: Claude Turmes

De Fränk Engel (CSV) hat den 18.01 am Background am Gespréich keng Maut fir Camione proposéiert, mä Fuer-Restriktiounen. Senger Meenung no, wieren esou Restriktioune mat europäeschem Recht kompatibel.