E Mëttwoch de Moie war d'Architecte-Directeur am Service Urbanisme vun der Stad Lëtzebuerg eis Invitée vun der Redaktioun.

"Urbanismus ass net eppes, wat séier geet", dat sot d'Sonja Gengler e Mëttwoch de Moien hei op RTL. D’Architecte-Directeur bei der Stad Lëtzebuerg huet erkläert et bräicht een Zäit, et misste vill Etüde gemaach ginn an et géinge vill Facteuren matspillen. "An et gëtt och mat der Zäit nach méi komplizéiert", sou d’Sonja Gengler. An der Moyenne misst een dovunner ausgoen, datt een op d’mannst 10 Joer brauch, bis den éischte Spuedestéch ass.

D’Hausse vun de Präisser am Logement, dat wier eng politesch Erausfuerderung, der Sonja Gengler no kéint een als Beamten net vill maachen. Et géing Prozedure ginn, déi een einfach misst respektéieren, mä et géing och d’Iwwerleeungen am Zesummenhang mat der "Simplification administrative" ginn.

Allerdéngs hätt een och festgestallt, datt net méi dran ass, well d'Bauentreprisen hei am Land vir bäi an hanne widder wieren, sou d’Sonja Gengler. Bei de leschte Soumissiounen hätte just nach eng Firma oder zwou eng Offer gemaach.

D’Architecte-Directeur vun der Ville de Luxembourg huet iwwregens och confirméiert, datt een net méi nëmme mat de klassesche Lëtzebuerger Promoteuren ze dinn hätt. Virun allem aus der Belsch géing et groussen Interessi ginn, fir sech an d'Lëtzebuerger Immobilien anzekafen. Op d'Fro, ob dat d’Präisser net weider an d’Luucht dreift, war et d’Äntwert: "Dat kann duerchaus sinn".

Invité vun der Redaktioun: Sonja Gengler