E Mëttwoch de Moie war den neie President vun der Institutiounekommissioun Mars Di Bartolomeo eisen Invité vun der Redaktioun.

Et ass normal, datt de Parquet kuckt, wat un deenen Aussoen drun ass. Da gesäit ee weider! Dat sot de President vun der Institutiounekommissioun vun der Chamber, de Mars Di Bartolomeo am RTL-Interview. Et goung ëm d'Enquête, déi de Parquet lancéiert huet nodeems de Land-Journalist Pol Schock vu kierperlecher Gewalt um groussherzoglechen Haff geschwat huet.

Wat de Waringo-Rapport iwwert de Fonctionnement vum Haff ugeet: Dee géif gutt zur Verfassungsrevisioun passen, un där den Ament geschafft gëtt, sou den LSAP-Politiker weider. Do ass ee Kapitel jo der Staatsform dediéiert. An déi wier de Moment eben d'Monarchie Constitutionnelle.

Déi jonk Sozialisten fuerderen an engem Schreiwes awer, datt een ee Referendum soll maachen, doriwwer ob d'Bierger léiwer dës Staatsform bäibehalen oder eng Republik wëllen. D'Notioun "Republik" war jo dem neie Wirtschaftsminister als Parteipresident vun der LSAP, dem Franz Fayot, um leschte Neijoerschpatt virun enger Woch erausgerutscht.

De Mars Di Bartolomeo

D'Missioun vun der Grande-Duchesse dann: déi ass den Ament net an der Verfassung definéiert. Déi Fro kéint awer beim Iwwerschaffe vun der Verfassung opgeworf ginn.

A wéi eng Richtung,  dat misst am politesche Konsens festgeluecht ginn, ënnersträicht de Mars di Bartolomeo.

E Mëttwoch an der Mëttesstonn ass de Premier Xavier Bettel an der Chamberkommissioun vun den Institutiounen, fir do den Deputéierte Ried an Äntwert ze stoen. Mat dobäi ass och den Auteur vum Rapport de Jeannot Waringo. Duerno da gëtt et eng Pressekonferenz.

Invité vun der Redaktioun: Mars Di Bartolomeo