En Donneschdeg de Moie war d'ADR-Politikerin eis Invitée vun der Redaktioun.

Den ëmstriddene Facebook-Post vum Sylvie Mischel iwwert Asyldemandeuren géing net dem ADR-Programm entspriechen.

Ginn et nach Divergenzen an der ADR wat d’Migratiounspolitik ugeet? "Mir hunn e Parteiprogramm, deen huet eng ganz kloer Linn an déi ass definitiv net déi, wéi se am Facebook-Post erauskënnt", sou d’Äntwert vum Nicky Stoffel, Member vun der ADR a vum Staatsrot den Donneschdeg de Moien am RTL-Interview.

Am Dezember war et zu Meenungsverschiddenheete bei der ADR komm, well d'Sylvie Mischel eng Foto vum Ausseminister Jean Asselborn mat Asyldemandeuren op Facebook kommentéiert hat mat: "den nächste Walplakat fir d’LSAP?" an deklaréiert huet d’Regierung soll sech als éischt ëm d’Lëtzebuerger këmmeren. D’Nicky Stoffel "mengt net, datt vill Leit hei am Land frou wieren", wa se an engem Zentrum fir Asyldemandeure misste wunnen.

Et war engersäits den Inhalt vum Facebook-Post vun der Sylvie Mischel an anerersäits d’Aart a Weis, wéi d’ADR-Fraen mat der Affär ëmgaange sinn, déi dozou gefouert huet, datt d’Nicky Stoffel de Comité vun den ADR-Frae verlooss huet. D’Nicky Stoffel fënnt iwwregens, datt bei der ADR d’Statute solle geännert ginn, fir datt een net automatesch Member vun den ADR-Fraen ass, wann ee Member vun der Partei gëtt.

Leit net bestrofen, mä belounen

Zwee Méint nom "Facebook-gate" bei der ADR besënnt sech d’Partei gär rëm op d’Oppositiounsaarbecht. A Punkto Logement wëll d‘ADR ënnert anerem méi op Locatioun setzen, mä schwätzt sech weiderhi géint Spekulatiounstaxen op Terrainen a Wunnengen, déi eidel stinn, aus. Am Géigesaz also zur Regierung. Dem Nicky Stoffel no, wier den Haaptproblem de Wuesstem.

Hiert Häerz hätt dowéinst e klengen "Hüpfer" gemaach, wéi si den neien LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot op RTL am Interview héieren huet, dee sot, Lëtzebuerg wier ze vill op de Wirtschaftswuesstem fixéiert. Dat wier och d'Linn vun der ADR. Lo wier awer ze kucken, wat wierklech gemaach gëtt, sou d'Nicky Stoffel.

Am Oktober hat den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen e Referendum iwwert de Wuesstem proposéiert, mä gläichzäiteg erkläert, d’Leit misste sech bewosst sinn, datt wann ee manner wuesse wëll, een och muss bereet sinn, op Saachen ze verzichten. Mesuren, déi de Leit nëmmen e bëssen eppes kaschten, suergen aktuell fir vill Kritik awer géint déi Gréng. D’Nicky Stoffel sot dozou, et hätt een d'Gefill, wéi wann ee misst edukéiert ginn". D’Leit sollen der ADR no net bestrooft ginn, mä belount ginn, wa se an déi richteg Richtung ginn.

Invité vun der Redaktioun: Nicky Stoffel

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.