E Mëttwoch de Moie war den Deputéierte vun der LSAP eisen Invité vun der Redaktioun.

Et ass en Ufank do a puncto Dezentraliséierung mat verschiddene Verwaltungen, déi schonn an de Raum vun der Nordstad komm sinn.

Dat sot den Dikrecher Député-maire Claude Haagen um Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.

Et wier och nach Munches an der Maach, mä hien wéilt do de Regierungspläng net virgräifen.

Hie géif e Wëlle vun der Regierung gesinn, fir der vill-annoncéierter Dezentraliséierung no ze kommen.

Wat d’Fusiounsgespréicher ugeet vun enge 5 Gemengen, fir zu enger grousser Nordstad-Gemeng ze kommen, hunn déi jo d'lescht Joer ugefaangen. Den Ament wier een an de Preparativen, beispillsweis wat dat Finanziellt ugeet. Et géif ee gutt virukommen.

"Ech denken, dass d’Leit et och wëllen", huet de Claude Haagen gemengt. Et misst een natierlech e klore Plang ausschaffen, fir de Bierger ze weisen, wat en Zesummeleeë konkret bréngt.

Wat en Zäitplang ugeet, ass den Dikrecher Buergermeeschter méi retizent gewiescht. D’Gemengewalen 2023 kéint een natierlech als Horizont huelen, mä do wier nach näischt bis ewell fixéiert.

Invité vun der Redaktioun: Claude Haagen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.