E Freideg de Moie war d'Generalsekretärin vum OAI eis Invitée vun der Redaktioun.

Kontradiktoresch Reglementer aus verschiddene Verwaltunge maachen den Architekten an den Ingenieuren d'Liewe schwéier, dat sot d'Sala Makumbundu vum OAI e Freideg de Moien op RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Projete mussen einfach méi séier kënnen developpéiert ginn. Dat seet d' Sala Makumbundu, Generalsekretärin vum "Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils".

Dacks géif et am Bau leider kontradiktoresch Texter ginn. A punkto administrativ Vereinfachung wier zwar vill geschitt, ma nach net genuch. Den OAI freet an deem Kontext e Guichet unique, wou all d'Autorisatiounsdemanden zesummegefaasst ginn, da misst een net méi ëmmer bei déi eenzel Verwaltungen trëppelen.

E grousse Problem wier natierlech d'Disponibilitéit vun den Terrainen. D'Architekten an Ingenieure misste kucken, fir sou intelligent wéi méiglech ze bauen, och vläicht méi dense. Dat bannent dem Perimeter, bei Erweiderunge sollt ee virsiichteg ginn.

Dat neit Denkmalschutzgesetz gëtt begréisst, virun allem den Inventaire, dee soll gemaach ginn. Natierlech muss de Patrimoine och kënne genotzt ginn. Den OAI waart op déi groussherzoglech Reglementer, déi den Detail solle reegelen.

Wéi ass et am Nowuess am Beruff? Architekte kéime genuch no, bei den Ingenieure wier et méi schwiereg. Allgemeng wier et am Secteur awer net einfach, fir Leit ze fannen an och ze halen, de Logement an de Stau maache Lëtzebuerg fir Frontaliere manner interessant.

Dernieft wier d'Konkurrenz, déi de Staat als Employeur mécht,  ganz grouss, sou nach d'Sala Makumbundu.

Invité vun der Redaktioun: Sala Makumbundu

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.