En Mëttwoch de Moie war d'Presidentin vun der grénger Fraktioun eis Invitée vun der Redaktioun.

D'Situatioun muss een eescht huelen, well elo och Lëtzebuerger concernéiert sinn. Dat sot d'Josée Lorsché vun déi Gréng am RTL-Interview zum Coronavirus. D'Vize-Presidentin vun der Santé-Chamberkommissioun huet awer ënnerstrach, datt Lëtzebuerg gutt preparéiert wier. Den CHL hätt zum Beispill schonn Zëmmer preparéiert.

Iwwert de gratis ëffentlechen Transport sot si, dass 20 bis 30% méi Leit, déi dovunner profitéieren, wäerten et net direkt ginn. Ma d'Attraktivitéit klëmmt. Natierlech misst nach ausgebaut ginn: a puncto Zuch, Tram, Pünktlechkeet a Komfort. An et misst och verstäerkt op déi douce Mobilitéit gesat ginn. Da wäerten och ëmmer méi Leit vum gratis ëffentlechen Transport profitéieren.

Datt déi Gréng eng ideologesch Anti-Auto-Politik géife maachen, léisst si net gëllen. Et géif ee vill Ënnerstëtzung kréien, speziell och vu méi Jonken. Wat den nationale Klimaplang ugeet, do hätt d'Regierung eng kloer Strategie. Lëtzebuerg wier eent vun den éischte Länner, dat en eegent Ëmweltgesetz géif kréien. Et géif villes geschéien, betount d'Josée Lorsché. Et wier awer en aarbechtsintensiven Dossier, well e ministère-iwwergräifend ass.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Josée Lorsché

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.