E Méindeg de Moie war den EU-Kommissär a fréieren LSAP-Minister eisen Invité vun der Redaktioun.

Et geet net ëm en europäesche Mindestloun. Mä d'EU-Kommissioun wéilt e Kader schafen, fir fair Mindestléin a méiglechst villen europäesche Länner, dat sot den Nicolas Schmit. De fréieren LSAP-Minister ass zanter 3 Méint Lëtzebuerger EU-Kommissär zu Bréissel a war haut eisen Invité vun der Redaktioun.

De bulgaresche Mindestloun ass zum Beispill 6 mol méi niddreg wéi deen zu Lëtzebuerg. Et géif enorm Differenzen am soziale Beräich ginn, an deem wéilt een entgéintwierken.

D'Reaktioune vu Gewerkschafte wiere positiv. D'Patronat wier méi retizent, net ganz negativ, mä fënnt et net eng komplett fantastesch Iddi, sou den Nicolas Schmit. Dat hätt hie sech sou erwaart. Eng zweet Consultatioun géif elo lancéiert ginn.

Länner, déi kee Mindestloun hunn, sollen net gezwonge ginn. Hie selwer fënnt large Kollektivverträg wéi a Schweden oder an Éisträich och eng besser Formel wéi e Mindestloun.

D'Digitaliséierung wäert sécher och e grousst Thema déi nächst 5 Joer sinn. Déi géif Aarbechtsplaze kaschten, awer och der vill schafen. D'Salariéë misste sech op liewenslaangt Léieren astellen. Och do sinn d'Sozialpartner gefuerdert. Et wier och eng Chance fir d'Leit, fir hir Positioun ze verbesseren. Duerch Weiderbildung. Do missten d'Leit awer begleet ginn.

D'EU-Kommissioun géif d'Entwécklung vum Coronavirus a säin ekonomeschen Impakt ganz genee suivéieren. De Virus géif awer d'Fragilitéit vun enger globaliséierter Welt weisen. All Situatioun wär anescht. Et kéint een elo net soen, all Land an Europa misst déi selwecht Mesuren huelen. Wichteg wär awer, datt ee sech an Europa koordinéiert. Sou nach den Nicolas Schmit.

Invité vun der Redaktioun: Nicolas Schmit

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.