E Méindeg de Moie war den CSV-Europadeputéierten eisen Invité vun der Redaktioun.

Bei de Verhandlunge fir e Brexit-Handelsaccord steet een nach zimmlech am Ufank, dat wéinst der Corona-Kris, awer och well d'Britten net ganz konstruktiv sinn. Dat seet de Christophe Hansen, Member a Rapporter vum zoustännege Verhandlungsgrupp vum Europaparlament. Den CSV-Europadeputéierte war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

E grousse Problem kéint d'Zäit ginn, d'Britte wéilten op alle Fall um Delai vun Enn des Joers festhalen. En Accord wier zwar bis dohin ze realiséieren, ma da missten d'Relatiounen an de Verhandlunge sech awer verbesseren.

Ee Knackpunkt bei de Gespréicher wier zum Beispill d'Fëscherei. Allgemeng géing Europa op alle Fall net zouloossen, datt Standarden erofgesat géinge ginn an doduerch eng onfair Konkurrenz geschafe géif ginn.

D'Corona-Kris hätt d'Europäesch Unioun an der Perceptioun vun de Leit geschwächt. Op där aner Säit hätt se gewisen, datt d'Memberstaaten d'Kris net op europäeschem Niveau geréiert kréichen, sou nach de Christophe Hansen. Dofir bräicht d'EU méi Moyenen, notamment am Beräich Gesondheetspolitik.

Reaktioun vum Yves Cruchten

De President vun der Aussen- an Europakommissioun Yves Cruchten stellt sech Froen iwwert d'Taktik vun de Britten. Normalerweis géif ee jo unhuelen, d'Britten wéilten hir Ekonomie, no der Corona-Kris net och nach duerch en No-Deal Brexit weider schwächen. Et kéint awer och sinn, datt se sech zu London soen. "Duerch déi grouss ekonomesch Kris, déi mer elo duerch de Corona hunn, cachéiert déi da ganz flott och nach déi ekonomesch Konsequenzen vum Brexit.“

Den Yves Cruchten
De President vun der Aussen- an Europakommissioun Yves Cruchten stellt sech Froen iwwert d'Taktik vun de Britten.
Rapport Brexit
Bei de Verhandlunge fir e Brexit-Handelsaccord steet een nach zimmlech am Ufank, dat wéinst der Corona-Kris, awer och well d'Britten net ganz konstruktiv sinn.
Invité vun der Redaktioun: Christophe Hansen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.