En Donneschdeg de Moie war d'Directrice vun der Bauerenzentral eis Invitée vun der Redaktioun.

Datt Restauranten nees op ginn, wier och ganz wichteg fir d'Landwirtschaft. Hir Fermeture hätt zu engem zolitten Abroch bei der Demande no Liewensmëttel gefouert. Dat sot Josiane Willems, Directrice vun der Bauerenzentral  um Donneschdeg de Moien op RTL Radio Lëtzebuerg. Et hofft een elo, datt d'Marchéeë sech nees kënnen erhuelen. Den Ament géif zum Beispill de Secteur vum Rëndfleesch ganz staark ënnert der Pandemie leiden. D'Präisser wieren ëm 20% a méi zeréck gaangen. D'Demande no Fleesch wier an der Baisse, national an international.

Besonnesch staark betraff vum Lockdown ass de Wäibau. Verschidde Wënzer hätte scho Liquiditéitsproblemer, well den Horesca-Secteur zou war, sou eis Invitée vun der Redaktioun.

Bei der Mëllech hätt een eng Präisbaisse fir den Ament awer kënnen evitéieren.

D'Coronakris hätt och gewisen, ewéi wichteg eng lokal Liewensmëttelproduktioun ass. Se wier systemrelevant. Grad an der Kris wieren déi lokal Produkter appreciéiert ginn. Déi Attitüd, sou hofft d'Josiane Willems, misst iwwert d'Coronazäit eraus erhale bleiwen.
Dowéinst misst den Agrar-Secteur hei am Land an an Europa och um Niveau vun der Politik verstäerkt ënnerstëtzt ginn.
D'Lëtzebuerger Landwirtschaft hätt awer nach bis elo keng Hëllef vun der Regierung kritt. D'Bauere géifen d'Kritären fir vill Aiden net erfëllen, sou d'Kritik vun der Directrice vun der Bauerenzentral, Josiane Willems.

Dobäi hätte ganz spezifesch Secteuren Aboussen, wéi pedagogesch an therapeutesch Bauerenhäff, oder eenzel Produktioune wéi d'Gromperen, déi hir Produiten net méi konnten ofsetzen. Deene spezifesche Betriber hir Akommensverloschter missten awer kënne kompenséiert ginn.

Der EU-Kommissioun hir nei Agrarstrategie mam Numm "Farm to Fork", déi d'lescht Woch presentéiert gouf, suergt bei der Bauerenzentral fir Skepsis. Grad wéi déi zukünfteg Biodiversitéitsstrategie. Hei misst ee ganz gutt oppassen, datt fir de Baueren net ze vill Restriktiounen operluecht ginn, datt verschidde Produktioune guer net méi méiglech wieren an Europa.

Invité vun der Redaktioun: Josiane Willems

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.