E Mëttwoch de Moie war de Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman eisen Invité vun der Redaktioun.

Mir kommen nees an eng Normalitéit eran. Déi ganz Covid-19-Versuergung ass aus der Klinik verschwonnen. Dat sot den Dr. Claude Schummer, Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman, am RTL-Interview. Et géif awer nach ëmmer getrennte Filièren ginn, och wann een den Ament nëmmen ee Covid-19-Patient hätt. 

Problemer géifen et nach beim Personal ginn: Mat Leit, déi als vulnerabel gëllen a well aner Reegelen an den Heemechtslänner vun de Frontaliere géife gëllen, sou datt een nach vill "Congés pour raisons familliales" hätt.

Den Ament géif een och probéieren, d'Retarden, déi duerch d'Pandemie entstane sinn opzehuelen. Bei den Operatiounen zum Beispill.

Elo no der Covid-Well kéim eng Non-Covid-Well, mengt den Dr. Schummer. Vill Kranker hätten nämlech wéinst der Pandemie laang gewaart fir an d'Spidol. Vläicht deels ze laang.

Fir d'Zukunft ka sech den Dr. Schummer och e Pandemies-Spidol virstellen. Heifir géif et verschidde Sitte ginn, déi ee kéint fräi maachen. Wéi d'Clinique Sainte-Marie zu Esch zum Beispill.

D'Zwanghospitalisatioun gesäit den Dr. Schummer iwwregens och kritesch. Wann een d'Gestes Barrièren net géif respektéieren, géif dat net heeschen, datt een krank wier.

Invité vun der Redaktioun: Dr. Claude Schummer

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.