En Dënschdeg de Moie war d'Nach-Direktesch vun der Nationalbibliothéik eis Invitée vun der Redaktioun.

D'Diskussiounen ëm d'Nofolleg vun der Direktioun vun der Nationalbibliothéik wär keng schlecht Pub gewiescht, mä géife just weisen, datt d'BNL e komplexe Betrib ass an héich qualifizéiert Leit brauch. Dat sot d'Monique Kieffer um Dënschdeg de Moien. D'Direktesch vun der Nationalbibliothéik war eis Invitée vun der Redaktioun, dat zwee Deeg éier se no iwwer 20 Joer op där Plaz an d'Pensioun geet.

De Claude Conter gëtt neien Direkter vun der BNL. Hien hätt déi optimal Viraussetzungen.

D'Joanne Goebels sollt u sech d'Successioun iwwerhuelen, mä wéinst Kritik un hirer Nominatioun, huet si sech zréck gezunn.

Si hätt näischt mam Rekrutement ze di gehat, sot déi Nach-Direktesch um Dënschdeg de Moien. D'Kulturministesch Sam Tanson an hir Ekipp hätte sech vill Méi gi fir e gudde Kandidat ze fannen. D'Nominatioun vum Joanne Goebbels wär keng politesch gewiescht, si hätt den Job och gemaach. Mä et géif heiansdo sou am Liewe goen, sou d'Monique Kieffer.

Méi wéi 20 Joer laang huet si d'Nationalbibliothéik geféiert. Haapt-Defi war, fir d'Bibliothéik aus engem Lach erauszezéien a strukturell Reformen ze maachen. An dofir hunn eng Rei Konditioune missen erfëllt ginn, dorënner notamment, dass d'BNL en neit an uerdentlecht Gebai krut.

E grousse Problem wär och de Manktem un Ënnerstëtzung gewiescht. D'Kulturministeren hätten ëmmer hannert hir gestanen, sou d'Monique Kieffer, ma d'opinion publique an déi Lëtzebuerger Intellektuell hätte kaum de Fanger gehuewen, fir hire Support ze ginn.
Donieft wär de Lëtzebuerger Staat vill ze vill bürokratesch, e wär eng Brems. D'Nationalbibliothéik hätt dorënner gelidden, sot d'Monique Kieffer. Si ass och der Meenung, datt d'BNL misst en Etablissement public ginn.

Invité vun der Redaktioun: Monique Kieffer

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.