E Mëttwoch de Moie war de President vun der Chambre immobilière eisen Invité vun der Redaktioun.

Den Immobiliësecteur ass net an der Kris. Et hätt sech awer villes opgestaut am Immobiliësecteur. Am Confinement goufen et jo keng Visitten, de Kontakt mam Client wier awer ganz wichteg fir ze verkafen. Dat sot de President vun der Chambre immobilière, de Jean-Paul Scheuren, am RTL-Interview de Mëttwoch de Moien.

Retarde géif een och net ganz opgefaange kréien. E Mount Lockdown géifen 3 Méint Retard um Bau bedeiten. D'staatlech Hëllefe gi begréisst.

Ganz onglécklech waren awer d'Messagë vum Aarbechtsminister vun de breede Schëlleren, déi méi kënne packen. Och am Immobiliësecteur mussen d'Leit hiert Liewe verdéngen. Et gi vill Independanten am Secteur. Et hätten och Agencen zougemaach.

Genee Zuele wieren awer schwéier ze nennen, well et kéimen och ëmmer nei Acteure bäi. Et géif vill dréinen am Secteur.

D'Demande no Wunnengen zu Lëtzebuerg wier op alle Fall nach ëmmer grouss. Leit, déi wéilte kommen, hätten hier Zukunftspläng net komplett geännert. D'Demande huet awer changéiert. Duerch den Teletravail zum Beispill géife Leit elo verstäerkt Wunnenge mat Büro sichen, esou de Jean-Paul Scheuren vu der Chambre immobilière.

Invité vun der Redaktioun: Jean-Paul Scheuren

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.