E Méindeg de Moie war de President vun der parlamentarescher Finanz- a Budgetskommissioun eisen Invité vun der Redaktioun.

2 Milliarde méi Depensen ewéi zejoert, 1,2 Milliarde manner Recetten. D'Staatsfinanzen hu wéinst Corona gelidden, d'Krisemesurë ginn deier. Den André Bauler, President vun der parlamentarescher Finanz- a Budgetskommissioun war e Méindeg de Moien den Invité vun der Redaktioun.
Den DP-Politiker sot, datt no der Rezessioun dëst Joer, dat nächst Joer nees mat enger Reprise vu 5 bis 7% ze rechne wier, viraus gesat et kënnt net zu engem zweete Lockdown.

Den André Bauler

Bei engem zweete Lockdown géing et schwiereg ginn, well déi Mark vun 30% déi d'Regierung sech gesat huet da kéint erreecht oder iwwerschratt ginn.

Par Rapport zum Maastricht-Vertrag hätt een zwar Sputt. Mä mir wëllen alles dru setzen, fir den zweete Lockdown ze verhënneren. Dee wier fatal fir eis Wirtschaft)

Bei der Steierreform wäert d'marge de manoeuvre méi kleng ginn, et wäert zu qualitativen Upassunge kommen. D'Grondprinzipie vun dëser sollen awer bäibehale ginn.

Mat Bléck op déi nächst Budgete fir 2020 an 2021, seet den André Bauler, datt och déi sech an e Krisenzenario wäerten aschreiwen.

Invité vun der Redaktioun: André Bauler

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.