En Dënschdeg de Moie war de Sekretär bei der Entente des offices sociaux eisen Invité vun der Redaktioun.

Zënter Jore kämpfen d'Sozialbüroe géint Stigmatiséierunge vun hire Clienten. Mir sinn do fir déi ganz Bevëlkerung, seet d'Entente des Offices Sociaux. Datt een op Hëllef ugewise wier, dat kéint ganz séier goen, de Verloscht vun der Aarbecht, eng Liewenskris oder eng Scheedung zum Beispill.

De Jean-Paul Reuter, Sekretär bei der genannter Entente, war en Dënschdeg de Moien den Invité vun der Redaktioun. Fir hien ass a bleift de gréisste Problem vun de Clienten de Logement.

D'Corona-Kris impaktéiert och d'Sozialbüroen.

De Social distancing ass schwiereg. D'Sozialaarbecht besteet nu mol aus dem Kontakt tëschent de Leit. Wärend dem Confinement hätt ee sech op alle Fall ganz anescht missten organiséieren, ma et wier awer gaangen.

D'Clientë wieren och ganz disziplinéiert gewiescht mat de sanitäre Reegelen. Bis ewell hätt een net festgestallt, datt Leit ekonomesch gesinn un hir Grenze kommen. Wann d'Situatioun awer undauert, zum Beispill mam Chômage partiel, da géif et fir eng Partie Leit enk ginn.

Invité vun der Redaktioun: Jean-Paul Reuter

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.