E Freideg de Moie war de Generalsekretär vum Groupement vun de Lëtzebuerger Bauentreprisen eisen Invité vun der Redaktioun.

Dëse Freideg ass den Optakt vum Congé collectif am Bausecteur. Bis den 23. August ass Rou op den meeschte Chantieren hei am Land, ausser op 119 Stéck, déi eng ministeriell Autorisatioun kruten, fir virun ze schaffen, well de Chantier als urgent ugesi gëtt, sou zum Beispill den Tram op der Stater Gare.

Am Bausecteur goufen et déi lescht 2 Woche vill Clustere mat Neiinfektiounen, ma d'Informatioune géinge kloer an d'Richtung goen, dass d'Infektiounen am Private geschitt sinn. De Bausecteur hätt jo scho vill méi fréi opgemaach an deemools wären net vill Neiinfektiounen do gewiescht, eréischt wéi am Privaten deconfinéiert gouf, wären d'Chifferen an d'Luucht gaangen. Dat sot um Freideg de Moien de Pol Faber, Generalsekretär vum Groupement vun de Bauentreprisen.

Eng ganze Partie Aarbechter vu portugisescher Nationalitéit hätte sengen Informatiounen no iwwerdeems decidéiert, fir wärend dem Congé zu Lëtzebuerg ze bleiwen an net a Portugal ze fueren. D’Entreprisë sollen iwwerdeems Test-Vouchere kréien, mat deenen d’Leit dann nom Congé solle kënne getest ginn. Dat natierlech op fräiwëlleger Basis. D’Betriber hätten do fräi Hand, fir dat selwer ze geréieren.

De Bau war 2 Méint wärend dem Lockdown zou, duerno hätt een 8 Prozent manner Produktivitéit gehat, erkläert de Pol Faber. Bei Chantiere vun der ëffentlecher Hand, wär ee sech mat der Regierung eens ginn, do géif de Confinement berécksiichtegt ginn, also hätt ee kee Retard. Am Privatsecteur géif cas per cas mat de Clientë verhandelt ginn. Wann een en Haus vun enger Millioun baut an ee Méikäschte hätt vu 15.000 Euro, da wär dat relativ auszehalen, sou de Pol Faber.

Rechent een déi verluere Stonne pro Aarbechter pro Stonn héich, feelen dem ganze Bau-Secteur duerch de Lockdown gutt 63 Milliounen Euro, sou de Generalsekretär vum Groupement vun de Bauentreprisen. Deen och fënnt, dass de Congé Collectif am Fong eng gutt Saach ass.

Invité vun der Redaktioun: Pol Faber

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.