En Dënschdeg de Moie war de Buergermeeschter vun Esch eisen Invité vun der Redaktioun.

De Kanton Esch, net d'Stad Esch, huet déi meeschten Neiinfektiounen. Déi Differenz wier ugangs awer net gemaach ginn, wat fir Opreegung bei de Leit gesuergt  hätt an och en Impakt op d'Geschäfter zu Esch hat. Mëttlerweil hätt sech d'Situatioun berouegt, nodeems d'Zuelen erkläert goufen. Dat sot den Escher Buergermeeschter Georges Mischo am RTL-Interview en Dënschdeg de Moien.

Weider Detailer, wéi d'Gemengen an d'Stroossen ëffentlech ze nennen a wou et wéi vill Infektioune ginn, wier net néideg, mä éischter kontraproduktiv, fënnt de Georges Mischo.

D'Gemeng wier gutt vun der Santé iwwert d'Infektiounszuelen informéiert ginn, och wann et e bësse gedauert hätt, sou den Escher CSV Deputé-Maire weider. Nëmme sou hätt ee seng Bierger kënnen adequat informéieren an protegéieren.

Als Buergermeeschteren hätt een och gutt zesumme geschafft, een deem anere gehollef, iwwert e Whatsapp-Grupp, an deem déi 102 Buergermeeschteren hir Erfarungen ausgetosch hätten.

De Georges Mischo huet och op d'Diskussioun iwwer d'Wunngemeinschafte reagéiert. Et wéilt ee WGen zu Esch net verbidden, mä reglementéieren. Abuse solle verhënnert ginn. Et wéilt een evitéieren, datt zum Beispill lauter Studioen an Eefamilljenhaiser entstinn. Colocatioune missten ugefrot ginn a konform sinn, fir d'Sécherheet ze garantéieren.

Invité vun der Redaktioun: Georges Mischo

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.