Dat virop bei der Recevabilitéit a beim Finanzement. E Méindeg de Moie war de President vun der Union des Consommateurs eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Stornéierunge vu Vakanzen, Problemer mat zousätzleche Fraisen um Bau an de Refus fir mat Boergeld ze bezuelen. Virun allem mat deene Problemer hunn d'Leit sech lo an der Corona-Zäit beim Konsumenteschutz gemellt. Dat seet den Nico Hoffmann, President vun der ULC. Hie war de Méindeg de Moien den Invité vun der Redaktioun.

Iwwer 80 Reklamatiounen hätt d’ULC eleng wéinst Boergeld erakritt.
Leider géingen och nach ëmmer Butteker bor Sue refuséieren, wat den Nico Hoffmann als en "No-Go" bezeechent.

Déi ugeduechte Reform vum Loyersgesetz gouf jo rezent a grousse Linne presentéiert. Et wier e Schratt an déi richteg Richtung, well de Locataire besser geschützt géif ginn. De generelle Problem vun den héije Loyere géif een domat awer nach net an de Grëff kréien.

D'ULC begréisst, datt e Gesetzprojet fir Sammelkloen deposéiert gouf.
Et stellt ee sech awer Froe bei der Recevabilitéit, do géing de Gesetz-Text ze vill den Interessie vun de Commercante Rechnung droen.

Bei de Fraisen, déi op d'Plaignanten duerkommen, géing d'Ënnerstëtzung iwwerdeems net wäit genuch goen.

Wann op deenen zwee Punkten net nogebessert gëtt, da leeft een de Risk, datt dat Gesetz hei just um Pabeier besteet, sou nach den Nico Hoffmann.

Invité vun der Redaktioun - Nico Hoffmann

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.