En Dënschdeg war de Buergermeeschter vu Wolz eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Corona-Kris an de Lockdown wiere schwéier gewiescht fir vill Wëlzer Geschäftsleit.

D'Gemeng huet eng Solidaritéitsaktioun lancéiert. 70 Betriber kruten d'Méiglechkeet, fir de Veräiner Bongen à 1.000€ auszestellen. D'Gemeng huet dofir 70'000 deblockéiert. Domat hätt een d'Betriber, wéi och d'Veräiner ënnerstëtzt, déi lescht genannte leide jo zum Beispill ënnert dem Ausfall vu kulturellen Evenementer, sou de Buergermeeschter Fränk Arndt um Dënschdeg de Moien am RTL-Interview.

Zu Wolz goufe jo d'Fatima, d'Gënzefest, de Festival an d'Nuit des lampions ofgesot.

Wou Negatives ass, ass Positives. Vill Leit hätten an de leschte Wochen hir Iwwernuechtungsbongen zu Wolz ageléist. Et wier och méi lokal akaaft ginn.

E grousse Shopping-Zenter am Pommerlach géing Wolz natierlech wéi dinn, mä do misst een ebe kucke fir Wolz nach méi attraktiv ze maachen.

„Wunne mat der Woolz“ heescht e komplett neie Quartier dee wäert entstoen, am September gëtt mam Bau vun der Schoul ugefaangen, déi éischt Wunnenge sollen 2023 fäerdeg sinn.

Bei der Fusioun mat der Gemeng Eschweiler hätt hie keng Regreten, sou de Fränk Arndt, vläicht hätt een awer d'Saache net grad sou séier sollte maachen.

Entretemps wieren och d'Retouren aus der fréierer Gemeng Eschweiler awer duerchaus positiv.

Den LSAP-Politiker Fränk Arndt huet säin Deputéierte-Mandat jo bei de leschte Walen un den Nol gehaangen. Hie schwätzt sech kloer fir d'Mandater-Trennung aus, déi zwou Saachen zesummen hätte fir hien op alle Fall net gepasst. De Buergermeeschter sollt allgemeng méi opgewäert ginn.

Invité vun der Redaktioun: Fränk Arndt

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.