En Dënschdeg de Moie war de President vun Domaines Vinsmoselle eisen Invité vun der Redaktioun.

Mir kënne soen, dass mer vun enger Perte vu bis zu 50% mussen ausgoen, duerch de Confinement, wat d’Vente ugeet.

Derbäi kënnt natierlech och, datt op d'mannst bis d'Enn vum Joer keng Fester sinn. Dat sot de Josy Gloden en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.

De President vun den Domaines Vinsmoselle huet erkläert, dass ee bei den assises agricolen am Oktober nach emol wëll Récksprooch mam zoustännege Minister huelen, fir iwwert méiglech Hëllefen ze beroden.

Duerch d’Hëtzt aus de leschten Woche mierkt een den Ament iwwerdeems, dass verschidde Riewe schonns e sougenannte Sonnebrand kruten. Besonnesch jonk Riewe si betraff. Abousse vu 25% a verschiddene Parzellen u Quantitéit bei der Lies misst een ewell scho verbuchen.

Ëm den 10. September dierft d‘Lies iwwerdeems ufänken, wou dann natierlech spezielle Corona-Mesurë gëllen.

De Landwirtschaftsministère an d’Santé hätten ewell schonn e Plang ausgeschafft, fir d’Logistik ze organiséieren, besonnesch fir Leit, déi aus dem Ausland an d’Wéngerten hëllefe kommen. 1.000 bis 1.200 Leit sinn et iwwregens, déi fir d’Lies op d’Musel hëllefen kommen.

Wat geschitt, wa bis eng Infektioun an engem Wënzer-Betrib géif opdauchen? Dat wéisst een bis elo nach net. Dat wier en Challenge, sot de Josy Gloden, iwwert deen een nach misst kucken, wéi en ze handelen ass. Et misst een natierlech verhënneren, dass e Wënzer doduerch da seng Drauwen net kéint schneide goen.

Invité vun der Redaktioun: Josy Gloden

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.