E Mëttwoch de Moie war de Weibëschof a Generalvikar eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Situatioun ass ugespaant. De Coronavirus huet vill Schued gemaach am pastorale Liewen. Dat sot de Leo Wagener de Mëttwoch de Moien am RTL-Interview. De Weibëschof a Generalvikar vun der kathoulescher Kierch war eisen Invité vun der Redaktioun. D'Aktivitéiten an de Pore wieren deels zesummegebrach. Op d'mannst een Drëttel géif an de Gottesdéngschter feelen. An et géif och finanziell Abousse fir d'Kierche ginn.

Elo géife Massen awer nees normal funktionéieren. An d'Katechesen, also de Reliounsunterrecht, nees ufänken. Alles ënnert strengen Hygiènesmesuren.

Vill Chorallen hätten nach net ugefaangen, do wären nach oppe Froen an deels vulnerabel Leit. D'Angscht, sech unzestiechen, wier nach ëmmer grouss.

Et wier een awer och kreativ gewiescht, sou de Leo Wagener. Zum Beispill mat Radio- a Videomasse gëtt sech gehollef. Dës Méiglechkeete wäerten och an Zukunft weider ausgebaut ginn. Wat awer och den negativen Effekt hätt, datt de Glawe sech privatiséiert an déi Leit an der Gemeinschaft feelen.

Hochzäiten a Kanddafe ginn den Ament ganz wéineg ofgehalen. Net all d'Masse wäerten och nogeholl ginn. Begriefnisser géife ganz disziplinéiert oflafen.

Dat wat schued wär, wär, datt d'Geste vun der Kondolenz ewechfalen. Datt ee kee kéint drécken, net kann d'Hand ginn. Dat géif een e Stéck méi aarm maachen.

De Virus géif d'Kierch staark veränneren. Eng méi ausgedënnte Kierch géif beschleunegt ginn. Et misst ee realistesch bleiwen an awer hoffnungsvoll an d'Zukunft kucken, sou de Generalvikar vun der kathoulescher Kierch.

Invité vun der Redaktioun: Leo Wagener

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.