En Donneschdeg de Moie war de Member vum Staatsrot eisen Invité vun der Redaktioun.

Am Ufank vun der Pandemie huet genee wéi an der Chamber an an der Regierung och am Staatsrot séier musse geschafft ginn. Deen Ament hätt een net alles kënnen an aller Genauegkeet iwwerpréiwen, wéi dat soss gemaach gëtt. Dat sot en Donneschdeg de Moien den Alex Bodry, Member vum Staatsrot a laangjäregen LSAP-Politiker am RTL-Interview.

An awer wier de Staatsrot senge Richtlinnen trei bliwwen, notamment wat déi individuell Fräiheeten ugeet. D'Verhältnesméissegkeet wier gi gewiescht, am Mäerz wieren déi Mesuren ubruecht gewiescht. Et misst ee permanent ofweien tëscht der Gesondheet an dem Respekt vun de Grondfräiheeten an dat hätt een zu Lëtzebuerg awer gutt hikritt, sou den Invité vun der Redaktioun, deen och drop verweist, datt Lëtzebuerg mat de Restriktiounen net sou wäit gaangen ass wéi aner Länner, zum Beispill Frankräich.

Ob all politesch Decisiounen déi geholl goufen, déi richteg waren, kéint een à ce stade nach net jugéieren. D'Endzil misst op alle Fall e Retour zu der Normalitéit ginn.

D'Covid-Texter wieren de richtege Wee, si géinge Rechtssécherheet bréngen an et hätt een eng Garantie, datt een och viru Geriicht besteet. Datt do heiansdo muss nogebessert gi wier nëmmen normal.

De Staatsrot hat am Juni eng Dispositioun gekippt, wou Limitte bei Rassemblementer hätte solle bestoe bleiwen.  Kuerz dono koum déi zweet Well. D'Motivatioun fir dee staarken Agrëff an d'Fräiheet wier dee Moment net gi gewiescht, et hätt ee sech awer dofir am éischten Avis eng Dier opgelooss.

A punkto Verfassungsreform besteet fir den Alex Bodry och nom Waringo-Rapport keng zwéngend Noutwendegkeet fir un den Texter ze fréckelen.
 
Ugeschwat op déi rezent Diskussioun iwwert d'Ierfschaftssteier an direkter Linn, déi jo vum CSV-President Frank Engel lancéiert gouf, huet den Alex Bodry gemengt, sou eng Steier wier kee Garant fir méi Gerechtegkeet.

Den Alex Bodry seet hie wier e Géigner vun der Ierfschaftssteier an direkter Linn. Hie plädéiert éischter derfir d'Verméigenssteier nees anzeféieren, déi 2005 an enger Nacht und Nebel-Aktioun vum Jean-Claude Juncker ofgeschaf gi wier. Dem Frank Engel seng Sortie kommentéiert de Sozialist als Tentative vun engem Parteipresident ouni politescht Mandat, fir mat engem Summerinterview op sech opmierksam ze maachen.

Invité vun der Redaktioun: Alex Bodry

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.