E Freideg de Moie war den ABBL-President eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Bankgeheimnis fir Residenten ophiewen, d'ABBL huet do eng neutral Positioun, de Geschäftsmodell vun de Banke wier do net direkt impaktéiert. Dat sot de President vun der Bankenassociatioun e Freideg de Moien op der Antenn vun RTL. Den LSAP-President Yves Cruchten hat en Ophiewe vum Bankgeheimnis an d'Spill bruecht.

Wann dat nationaalt Bankgeheimnis ewechfält, hätt dat net de selwechten Impakt wéi virun e puer Joer, wou de secret bancaire fir déi auslännescher Clientèle ofgeschaaft gouf.

Banken wärend an no der Corona-Kris

Vun der Corona-Kris spieren d'Banken nach keng grouss Konsequenzen. Déi weise sech réischt méi spéit, wuel an den nächste Méint a Joren. De Guy Hoffmann rechent awer mat engem gewaltegen Impakt. Et wier awer schwéier virauszesoen, wat genee op d'Banken duer kënnt, wéi vill Faillitten zum Beispill wäerte kommen. Wa keng ekonomesch Reprise sollt kommen, wäerten eng ganz Rei Betriber aus dem Mëttelfeld Problemer kréien, fäert d'ABBL.

Spezifesch Auswierkungen op d'Bankeplaz Lëtzebuerg fäert de Guy Hoffmann grondsätzlech net. Et wier ee gutt opgestallt an d'Finanzplaz hätt Reserven. D'Corona-Kris wier awer en zousätzlechen Drock a kéim nach derbäi, bei en Ëmfeld, wat souwisou net favorabel war, ënner anerem, well et am Kredittgeschäft mat den nidderegen Zënsen net méi vill ze verdénge gëtt.

An der Corona-Kris gouf verstäerkt op den Teletravail gesat. D'Aarbechtswelt géing souwisou änneren. Am Moment schaffen iwwer 50.000 Leit am reglementéierte Secteur, et wier optimistesch ze mengen, datt dat sou géing bleiwen. Op där aner Säit wiere vill Bankemployéen awer och lo frou gewiescht, fir nees kënnen op de Büro ze kommen. Och den Trend hin zum Online-Banking wier lo wärend der Kris acceleréiert ginn, sou de Guy Hoffmann.

D'Banke si jo och beim Corona-Hëllefspak implizéiert. Et ware fir 3,7 Milliarde Moratoiren accordéiert ginn. Entretemps hätten awer eng Partie Clienten nees ugefaangen, ze rembourséieren. De Bilan wier allgemeng positiv

Wat bësse manner gegraff hätt wieren d'Kreditter mat staatleche Garantien. Do léich ee bei 220 Milliounen, do hat een sech beim Volume méi virgestallt, sou d'ABBL. Dat wier awer net anormal, wann de cycle d'exploitation net do wier, bräichten d'Entreprisen och keng Suen, sou de Guy Hoffmann.

Parallel zu de grad genannte Kreditter wieren awer all déi „normal“ Kreditter staark an d'Luucht gaangen an de leschte Méint.

Bankomater gesprengt: Brigangen huelen ëmmer méi Risken op sech

Rezent goufe jo eng Rei Bankomater gesprengt, zu Lëtzebuerg an och am noen Ausland. Dat wier e Problem, d'Aggressivitéit géing ëmmer méi grouss ginn, d'Brigange géingen ëmmer méi Risken huelen.

650 Bankomater gëtt et der zu Lëtzebuerg. Et hätt een déi lescht 12 bis 18 Méint awer ganz vill Géigemesurë geholl an et wier an d'Sécherheet investéiert ginn. Et géing och an Aarbechtsgruppe mat der Police zesumme geschafft ginn, sou nach de Guy Hoffmann.

Invité vun der Redaktioun: Guy Hoffmann

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.