De Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Dat wat sech ugedeit huet, wäert sech Enn dës Joers confirméieren. Wann d'Betriber de Bilan maachen, géifen der vill den Noutstopp zéien. Dat sot den Romain Schmit, Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun am RTL-Interview en Dënschdeg de Moien.

Invité vun der Redaktioun: Romain Schmit

Och d'Handwierk leit nach ëmmer ënnert der Kris. Wéi uerg den Impakt vun der Pandemie ass, wier vu Betrib zu Betrib ënnerschiddlech. Besonnesch ervirzehiewe sinn Entreprisen, déi un den Evenementiel geknäppt sinn. Den Traiteur, de Patissier, d'Imprimerien, d'Fotografe wäre besonnesch staark getraff ginn. Och de Botzsecteur hätt interessanterweis ganz staark gelidden, mä et wär och do ganz variabel. Déi eng kriten d'Eisen aus dem Feier gezunn, sou de Romain Schmit, déi aner géinge verbrennen.

Staatlech Hëllefe méi geziilt asetzen

D'Konsumverhale vun de Leit hätt changéiert, an och datt d'Gemenge manner an d'Keese kruten, géifen d'Betriber ze spiere kréien duerch manner Commanden. D'Kuerzaarbecht hätt gehollef, dat Schlëmmst ze verhënneren, genee wéi de Congé pour raisons familiales, erkläert de Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun. Ma wat déi direkt Aiden un d'Betriber ugeet, do wär de Fazit gedeelt. D'Hëllefe wäre ganz restriktiv gewiescht, Betriber mat iwwer 20 Leit konnten net dovu profitéieren. Un direkten Aiden, also déi een net zeréckbezuele muss, wären eng 90 Milliounen Euro gefloss. D'Ekonomie hätt awer - reng u Soziallaaschten - missen op der Kuerzaarbecht 110 Milliounen Euro bezuelen. D'staatlech Hëllefe wären awer absolut néideg gewiescht, sou de Romain Schmit, ma se sollen elo méi geziilt agesat ginn, bei deenen déi se wierklech néideg hätten. De Chômage Partiell misst och iwwert den 31. Dezember eraus kënne genotzt ginn.

Lëtzebuerger Industriepolitik ass eng "Verhënnerungspolitik"

Wat d'Lëtzebuerger Industriepolitik ugeet, sou wier Fage just d'Spëtzt vum Äisbierg. Se hätten en fin de compte, en zolitten Dossier gehat a wären awer jorelaang higehale ginn. Fage wär ee Parade-Beispill, well all Dag géingen zeg Betriber dat erliewen, wann och vläicht net an deem Ausmooss, sou de Romain Schmit. Dofir wären och scho vill Handwierksbetriber an d'Ausland gaangen, well hiren Dossier hei net viru geet. Dofir ass et d'Fuerderung vum Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun un d'Administratiounen, dass Faarf soll bekannt ginn, mat kloren Oplagen, un déi géing ee sech dann och halen.

Aktuell hätt een d'Impressioun, dass et drop ugeluecht gëtt, fir d'Betriber mat alle Moyenen dobaussen ze halen. Et wär eng "Verhënnerungspolitik", sou de Romain Schmitt.

E "Recht" op Homeoffice ka ferm no hanne lass goen

Dem Homeoffice ass de Romain Schmit och kritesch géintiwwer. Dee géif net an alle Betriber wierklech Sënn maachen. Teletravail géif och deels komplex Ëmstrukturéierungen an de Betriber mat sech bréngen, an zum Beispill och dem Horesca-Beräich schueden, well d'Clienten doheem bleiwen.

Kollektivverträg-Verhandlungen

Post-Covid ginn elo eng ganz Réi Kollektivverträg nei verhandelt, do plädéiert de Romain Schmit, fir och emol no neie Léisungen ze sichen amplaz ëmmer vun „droit aquisen“ ze schwätzen. D'Secteure missten d'Méiglechkeet kréien, sech esou z'entwéckele wéi dës Zäit et erlaabt, dat am Interêt vum Betrib an de Salariéen. Sozialpolitik wär net een one-way-ticket.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.