De President vun der Societéit fir Psychiatrie, Pedopsychiatrie a Psychotherapie war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Et wier nach ze fréi, fir genee ze soen, wéi een Impakt d'Corona-Kris op déi mental Gesondheet vun de Leit huet. Dat sot den Dokter Paul Hédo, President vun der Societéit fir Psychiatrie, Pédopsychiatrie a Psychothérapie en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview. Wat een awer wéisst, ass, datt den allgemenge Stress vun de Leit eropgaangen ass déi leschte Méint.

Verschidde Persounen, déi de Virus haten, géingen ënner posttraumateschem Stress oder Depressioune leiden. Bei Leit, déi scho virdru psychesch krank waren, huet den Zoustand sech verschlechtert. Persounen, déi am Gesondheetssecteur schaffen, si staark belaascht, ënner anerem déi Evolutioun géing ee feststellen, sou de Psychiater. Eeler Leit, déi eleng waren a Kanner, déi net normal an d'Schoul konnten a kënne goen, och do kéint et zu Konsequenzen à long terme kommen.

Onofhängeg vu Corona schléit de Paul Hédo Alarm wéinst dem Manktem u Psychiateren, besonnesch an de Spideeler wier d'Situatioun grave. Wann et sou weider geet, kéint eng gutt Prise en charge geschwënn net méi assuréiert ginn. An den nächste 15 Joer wäerten 80% vun de Psychiateren hei am Land an d'Pensioun goen.

D'Psychiatrie wier eng passionant awer och eng ustrengend a keng esou lukrativ Disziplin. An der Nomenclature géinge leider technesch Akte favoriséiert ginn. Déi aktuell Verhandlunge mat der Gesondheetskeess wiere schwiereg, eng Revalorisatioun vun der Psychiatrie wier leider net geplangt.

D'Societéit verlaangt besser Aarbechtskonditioune an och eng besser Psychiatrie-Formatioun op der Uni Lëtzebuerg.

Invité vun der Redaktioun: Paul Hédo

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.