E Méindeg de Moie war den Dr. Jean Reuter aus dem CHL eisen Invité vun der Redaktioun.

Wann déi normal Capacitéiten net duer ginn a wann zousätzlech Intensivbetter musse geschaaft ginn, da riskéiert d'Qualitéit vun der Prise en charge ze leiden. Dat sot den Dokter Jean Reuter e Méindeg de Moien am RTL-Interview. Hie schafft op der Intensivstatioun am Centre Hospitalier.

Am Géigesaz zu der éischter Well hätt een zwar lo méi Material zur Dispositioun, zum Beispill Respirateuren. De Problem wier awer de Manktem u Personal. Wann een 200 Busser hätt, awer just 100 Chauffeuren, da wier dat net optimal.

D'Zuel vun den Intensivpatienten hätt sech zu Lëtzebuerg an de leschten zwou Woche vervéierfacht. Lo géingen déi Patiente behandelt ginn, déi virun zwou Wochen diagnostizéiert goufen, wou d'Neiinfektiounen also nach vill méi niddereg ware wéi lo am Moment.

Et wier ëmmer rieds vun enger Gesamtzuel un Intensivbetter. Better, déi allerdéngs och vun Net-Corona-Patiente besat sinn.

D'Altersmoyenne vun de Covid-Patienten op senger Statioun léich den Ament bei 60 Joer, sou den Dokter Reuter. Zwou Persounen hätte manner wéi 40 Joer.

Op d'Intensivstatioun kommen déi Leit, bei deenen de Support u Sauerstoff op der normaler Statioun net méi duer geet.
Patienten, deenen hir Iwwerliewenschancë souwisou schlecht sinn, kommen net op d'Reanimatiounsstatioun, well et nämlech eng enorm Belaaschtung wier. Dat wier eigentlech ëmmer d'Reegel, och bei allen anere Patienten.

D'Durée, déi Covid-Infizéierter op der Intensivstatioun verbréngen, ass par Rapport zu der éischter Well erofgaangen. Soss waren et 3 Wochen, lo sinn et éischter 10 Deeg, sou den Intensivmedeziner.
Och den Traitement huet par Rapport zum Fréijoer changéiert. Et gëtt mat Corticoiden ewéi Dexamethason an och mat Bluttverdënner geschafft. Et gëtt probéiert, d'Beootmung ze evitéieren, do wou dat geet. Da ginn och keng Anti-Malaria oder Anti-HIV-Mëttele méi agesat, sou den Dokter Jean Reuter.

Hie wier net Politiker an och net Epidemiolog an dofir kéint hie keng Modeliséierunge maachen, wéi eng Mesuren néideg wieren. Hie kéint just d'Situatioun op der Reanimatiounsstatioun jugéieren. Do géing ee sech op alle Fall op déi verschidde Katastrophenzeenarie preparéieren. D'Reanimateure wiere sécher prett, mat et géing ee riskéieren, datt nach schwéier Zäiten op eis duer kommen.

Invité vun der Redaktioun: Dr. Jean Reuter

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.