E Mëttwoch de Moie war de Lëtzebuerger Ausseminister eisen Invité vun der Redaktioun, Owes war en Invité op der Tele.

"Mat e wéineg Chance a ganz e wéineg Vaselin gëtt dat nach e gutt Joer an och e gudden Dag fir d’Welt a fir Europa a fir Amerika": nodeems den Demokratesche Kandidat Joe Biden am Laf vum Dag sech e Virsprong ausgebaut huet, war de Lëtzebuerger Chefdiplomat méi optimistesch, wéi nach Moies um Radio.

De Jean Asselborn huet de slowenesche Premierminister Janez Jansa kritiséiert. Deen hat um Mëttwoch Moien dem Republikaner Donald Trump fir seng Walvictoire gratuléiert, obwuel nach näischt decidéiert war. Et wier zimmlech sécher, dass dat amerikanescht Vollek den Donald Trump an de Mike Pence fir 4 weider Jore gewielt hätt, huet hien op Twitter geschriwwen.

Eng Ausso, déi an den Aen vum Lëtzebuerger Ausseminister inakzeptabel war.

"Ech fannen et wierklech nieft der Plack, dass ee Premierminister aus Europa, dee vu Slowenien, dass dee sech do unhänkt ewéi e klenge Mippchen, an nomécht wat den Här Trump dann do gesot huet, wat eppes ass, wat ganz Europa an e schlecht liicht setzt. Et muss ee wëssen, den Trump war e wéineg de Parrain vun deenen Identitären."

Datt mat engem President Joe Biden déi transatlantesch Frëndschaft vun haut op muer nees opgebaut wier, dat wëll de Jean Asselborn zwar net soen. Ma et wier mam Demokrat am Wäissen Haus awer op d'mannst eng Chance do, datt et an eng aner Richtung geet, datt bei Theme wéi Iran, Klimaofkommes oder Stroftaxen en Dialog méiglech wier. Mat weidere 4 Joer Donald Trump wier dat sécher net dran, sou de Jean Asselborn, et wier kee Vertrauen do.

Europa misst awer souwisou wëssen, datt de grousse Brudder déi Säit vum Pull net méi d'Hand iwwert eis hält. Dowéinst missten d'Europäer hir Wäerter selwer verdeedegen an zesummestoen, dat onofhängeg vum neie President.

D'Walen hätte gewisen, wéi déif d'USA gespléckt ass. Vill Amerikaner géifen den Donald Trump ganz anescht gesinn, wéi déi meescht Europäer, sou nach de Jean Asselborn.

Invité vun der Redaktioun: Jean Asselborn

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.