E Freideg de Moie war de President vun der Nationaler Elterevertriedung eisen Invité vun der Redaktioun.

Déi National Elterevertriedung vermësst eng laangfristeg COVID-Strategie an de Schoulen. De President, den Alain Massen, bedauert eng „Navigation à vue“ vum Educatiounsministère a vun der Regierung allgemeng. Hie war e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Et géif mol riets, mol lénks nogebessert ginn, mä d'Eltere vermëssen ënnert anerem en eenheetleche Modell vun engem ofwiesselenden Unterrecht – an der Schoul an doheem. Am Fréijoer wär verpasst ginn eng qualitativ Etüd ze maachen iwwert den Homeschooling, dat fir e Modell z'entwéckelen, dee Sënn mécht.

Wéi et elo géif oflafen, géif vill Schwieregkeete mat sech bréngen. Elteren, déi Kanner a verschiddene Gebaier hunn, géifen dat däitlech spieren, well all Lycée sech anescht kéint organiséieren.

Den Alain Massen fënnt och, datt speziell op 1ère de Programm misst adaptéiert ginn. Et wär eng Illusioun ze mengen, datt een de Programm sou kéint duerchzéie wéi normal.

Wat d'Maskeflicht an de Klasse wärend dem Cours ugeet, proposéiert d'Elterevertriedung, ee Modell, dee festleet a wéi enger Situatioun muss d'Mask permanent ugedoe ginn. Et misst kloer sinn, wéini wéi eng Reegele gëllen.

Invité vun der Redaktioun: Alain Massen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.