E Mëttwoch de Moie war de Chefredakter vu science.lu eisen Invité vun der Redaktioun.

D’Wëssenschaft beweegt sech an der Corona-Kris dacks an engem groe Beräich. Wichteg wier et, all d’Fakten, déi do sinn, ze kucken a politesch an individuell Decisiounen no Probabilitéiten ofzeweien.

Fir d’Wëssenschaft wier et eng spannend an eng ongewëssen Zäit. An der Corona-Pandemie wier Villes, wat Wëssenschaftler gesot hunn, politiséiert ginn, sou de Jean-Paul Bertemes vum Nationale Recherchefong a Chefredakter vu science.lu de Mëttwoch de Moien hei op RTL. D’Wëssenschaft kéint awer net wéi Politik bewäert ginn, well se net ëmmer direkt soen: dat do hëlleft, dat do net. Dem Wëssenschafts-Kommunikant no wier d’Realitéit dacks "gro", duerno ass de Choix awer "schwaarz wäiss".

Datt an der Wëssenschaft Positiounen änneren oder eenzel Wëssenschaftler aner Positiounen hunn, wier och ganz normal an Deel vum Prozess. "D’Wëssenschaft ass u sech eng Method", sou de Jean-Paul Bertemes. Nëmme lues a lues géing sech eng Wourecht, eng wëssenschaftlech Evidenz erausschielen.

An der Corona-Kris géing et dem Jean-Paul Bertemes no drëms goen, d‘Probabilitéiten ze analyséieren. All Mesure hätt seng Schwächten, mee dacks géing ee sech a "faux-débate" verléieren, wann ee just d’Schwächt vun enger Mesure am Aen huet an net d’Alternativ. Am Beschte soll ee sech ëmmer de "ganze Fundus un Etüden" ukucken.

Bei der Fro wéi d’Impfcampagne soll kommunizéiert ginn, huet de Jean-Paul Bertemes eng rezent Etüd genannt, déi weise géing, datt et nach eng gewësse Skepsis gëtt. Der Fuerschung hir Roll wier et, all d’Facteuren opzedecken. Duerno wier et un de Leit fir ze decidéieren, mee och hei am Beschte mam ganze Fundus u wëssenschaftlecher Evidenz am Bléck.

Invité vun der Redaktioun: Jean-Paul Bertemes

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.