E Mëttwoch de Moie war d'Presidentin vun der Caritas eis Invitée vun der Redaktioun.

D'Corona-Pandemie ass eng brutal, nei Situatioun, déi mer net kannt hunn. Dat sot d'Presidentin vun der Caritas, Marie-Josée Jacobs e Mëttwoch de Moien. Si war eis Invitée vun der Redaktioun.

De Problem vun der Aarmut wier méi grouss ginn. Et hätt een elo eng nei Zort Leit, déi aarm sinn. Och vill jonk Leit ënner 40 Joer. Leit, déi soss eens gi sinn, mä wou et elo net méi géif duer goen, well se zum Beispill am Chômage partiel just 80% verdéngen oder keen Drénkgeld kréien. Dat kéinten e puer honnert Euro ausmaachen. D'Caritas fäert, datt dee Problem undauert, datt en net esou séier verschwënnt wéi et komm ass.

Eng Partei Leit hätten awer och, wéi et hinnen nees besser gaangen ass, d'Suen un d'Caritas zeréckbezuelt, sot nach d'Marie-Josée Jacobs.

Nieft dem Finanzielle wier och de psychologeschen Impakt vun der Pandemie uerg. Besonnesch wéinst der Ongewëssheet, wéi et elo weider geet. Suerge mécht der Caritas-Presidentin och, datt déi sozial Differenzen duerch d'Kris méi grouss ginn, speziell och bei de Kanner. Vill Kanner hätte schoulesch Retarden, déi ee misst mat méi konsequenter Nohëllef opschaffen. Et géif drëms goen de Kanner ze hëllefen an hinnen eng Chance ze ginn, datt se kéinten e Beruff léieren, well soss géif een aus deenen eng nei Generatioun vun aarme Leit hei zu Lëtzebuerg maachen, fäert d'Marie-Josée Jacobs.

Invité vun der Redaktioun: Marie-Josée Jacobs

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.