En Donneschdeg de Moie war de Weibëschof a Generalvikar eisen Invité vun der Redaktioun.

Et gouf nach ni en Hellegowend mat sou wéineg Leit, sou wéineg Feierlechkeet a sou ville Restriktiounen, dat sot de Weibëschof a Generalvikar Leo Wagener um Donneschdeg de Moien, hie war eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Chrëschtmetten an der Kathedral an och soss op ville Plazen hu misse wéinst der Ausgangsspär op 8 Auer virgezu ginn. D'Héchstzuel vun de Leit an der Kathedral ass op 100 limitéiert. Duerfir ginn awer méi Masse gehalen, well just nach ee Sechstel vun de Plazen zur Verfügung steet.

Dem Leo Wagener no, hätt een eng Entrevue mam Premier, der Santésministesch an dem Direkter vun der Santé gehat, fir de Point ze maachen. Hei hätt ee gesot kritt, datt et bis ewell nach keng Clustere gouf an der Kierch. D'Recht fir seng Relioun auszeübe wier an der Verfassung verankert. Déi Realitéit dierf een net verkennen. An engems dierft een awer och net den Theater, dee beispillsweis huet missen zoumaachen, géint d'Kierch ausspillen. D'Kathoulesch Kierch hätt bis ewell net dru geduecht fir Gottesdéngschter komplett ofzesoen, all Reuniounen an de Poren an d'Katechèsen fir 8'000 Kanner wieren awer just nach digital. An der Mass mussen d'Leit de ganzen Zäit de Mask unhunn an Ofstand halen. Et gëtt och mat Mask gesongen.

Corona hätt allgemeng e groussen Aschnëtt an dat kierchlecht Joer mat Kommiounen an Ouschteren, déi ausgefall sinn an enger reng digitaler Oktav. Et géif een eng gewëssen Entfriemung feststellen, déi gesellschaftlech Entwécklung ewech vun der Kierch wier verstäerkt an acceleréiert ginn. Corona huet 30-40% Aboussen an de Kollekte bruecht. Do wier nach méi e groussen Elan vu Solidaritéit gefrot fir dat opzefänken.

D'Kierch huet och eng Hotline an d'Liewe geruff fir Leit déi ee brauche fir ze schwätzen. Et ass dat d'Telefonsnummer: 28 80 87. Vill Leit fille sech eleng, hu Problemer mat Relatiounen, verschiddenen hunn och reliéis Froen, sou de Leo Wagener. Bei der Kierch wär op jiddefalls een do, deen nolauschtert.

Ugeschwat op de Sozialplang bei Saint-Paul no der Vente vum Bistum u Mediahuis, sot de Weibëschof, hie géif dat bedaueren. Hien hätt definitiv net geduecht, datt e Sozialplang sou séier géif kommen.

Invité vun der Redaktioun: Weibëschof Leo Wagener

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.