E Mëttwoch de Moie war de Generaldirekter vun der Fedil eisen Invité vun der Redaktioun.

Den Direkter vun der Industriellefederatioun Fedil René Winkin huet e Mëttwoch de Moien een duerchwuessent Bild vum leschte Pandemie-Joer gezunn. Déi eng Betriber hätte kënne weider fonctionéieren, och wa se duerch d'Coronamesurë manner performant gewiescht wären a Produktiounsverloschter haten, wéi zum Beispill am Bau.

Aner Betriber hätte kënne profitéieren. An nach anerer, wéi zum Beispill d'Gedrénksindustrie oder industriell Botzfirmen, wären net esou gutt ewechkomm. A verschiddene Secteuren, wéi der Aviatioun, hätt een och béid Extremer: d'Cargo géing super lafen, ma de Passagéier-Business guer net gutt, sou eisen Invité vun der Redaktioun. Den Absenteismus wär déi lescht Méint och e grousse Problem an de Betriber gewiescht.

Wann elo d'Relance kënnt, da misst een och mat Enkpäss rechnen, erkläert de René Winkin. Zum Beispill bei de Chippe fir Autoen, wat d'Hëllefen ugeet, sou konstatéiert den Direkter vun der Industriellefederatioun, dass vill adaptéiert gi wär. Et géing een ëmmer méi no bei dat kommen, wat sech d'Betriber erwaart hunn.

Geschwë wär een dann och virun engem kruzialen Ament vum sougenannte "Phasing Out", wou d'Mesurë misste gelackert ginn a wou een deementspriechend och misst ophalen, Hëllefen un d'Betriber ze ginn, sou de René Winkin. Wichteg Variabele fir d'Reouverture wären, nieft de Vaccinatiounen, och nei Méiglechkeete fir Schnelltester an de Betriber ze maachen. Och am Tracing misst een ufänken z'iwwerleeën, ob een et net ganz digital kéint maachen, fir méi performant ze ginn.

Datt d'Parlament Abléck a Konventiounen tëscht dem Staat a Firme soll kréien, dozou géinge sech eng Rei Froe stellen.
Dat seet den Direkter vun der Industrielle-Federatioun.

D'Fedil -Presidentin Michelle Detaille hat dës Situatioun rezent op RTL fatzeg kritiséiert, hir Aussoen hate fir vill Opreegung gesuergt. D'Michèle Detaille hätt sech fir de Choix vun hire Wierder entschëllegt an domat wier dat gekläert, sou de René Winkin.

No engem Joer Pandemie zeechent d'Fedil duerchwuessent Bild fir d'Industrie. Déi eng kéime gutt derduerch, déi aner manner. En extreeemt Beispill wier den Aviatiounssecteur: de Cargo-Beräich dréint op Héichtouren, bei de Passagéier ass et de Contraire, sou de René Winkin.

Am Ufank vun der Pandemie war den Absenteismus e grousse Problem, entretemps wier dat awer besser.

Op alle Fall misste mer elo un der Relance plangen. Mir hätten nei Moyenen, nämlech d'Impfungen a Schnelltester an de Betriber. Dernieft wier den Tracing ganz wichteg. Parallel sollten et dann Ouverturë ginn. Et wier wichteg, do déi richteg Kombinatioun u Mesuren ze fannen.

Fir d'Post-Covid-Zäit sollt iwwer d'Aarbechtsforme fir Frontalieren nogeduecht ginn. Den Teletravail wier op alle Fall eng vun de positiven Erfarungen aus dëser Kris, sou nach de Fedil-Direkter.

Invité vun der Redaktioun: René Winkin

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.