E Méindeg de Moie war d'Presidentin vun der grénger Fraktioun eis Invitée vun der Redaktioun.

Déi sanitär Mesuren an der Schoul krute mam neie Covid-Gesetz keng legal Basis. Fir d’Oppositioun ass dat e “Staatsversoen”. Déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché gesäit dat méi nuancéiert, et wär éischter eng juristesch Problematik. Hei stellt sech d’Fro, wéi een all d'Problemer, déi sech eng Kéier kéinte stellen, misst am Text präziséieren. Dat wär awer schwiereg bei sou engem Virus. Datt et elo kee Gesetzestext gëtt, wär kee Staatsversoen, mä éischter eng juristesch Hürd, sou d’Josée Lorsché.

Firwat schleeft d'Impfcampagne hei am Land?

D’Impfcampagne schleeft... Dat wéinst de Bestellungen a Liwwerungen op europäeschem Niveau engersäits an anerersäits géing sech d’Fro och stellen, ob net all d’Vaccine missten direkt verimpft ginn. Aktuell wär ee jo op de Wee gaangen, fir 75 Prozent vum AstraZeneca direkt ze verimpfen an et géing driwwer diskutéiert ginn, fir dat och bei aneren Impfstoffer ze maachen. De Georges Engel vun der LSAP hätt zum Beispill gefuerdert, fir nach méi wäit ze goen, an direkt 100 Prozent ze verimpfen. Si hätt dës Iddi och schonn an der Chamber opgeworf, sou déi gréng Fraktiounscheffin. Doriwwer géif elo diskutéiert ginn. Et misst een ëmmer ofweien tëscht der Sécherheet an der Rapiditéit.

D'Impfskepsis gouf ënnerschat


Datt just 60% vum Spidolspersonal sech impfe gelooss huet, do wär d’Impfskepsis ënnerschat ginn. Elo misst massiv sensibiliséiert ginn. D'Impfbereetschaft dierft net just fir den Eenzele gëllen, fir sech selwer ze schützen, mä wär eng wirtschaftlech an sozial Necessitéit.  D'Santé wär am Ufank wuel och iwwerrascht gewiescht iwwer de Mangel un Impfbereetschaft, ma do misst elo wierklech nogebessert ginn. Et wär eng kollektiv Verantwortung vun all Mënsch, fir och a sengem eegenen Ëmfeld ze sensibiliséieren. Et kéint een net einfach alles op d'Santé ofwälzen, mä si hätt natierlech och eng ganz grouss Roll ze spillen.

Soll Virdrécke beim Impfe bestrooft ginn?

Sech beim Impfe virdrécke wär moralesch verwerflech. Wat d’Strofrecht ugeet, wär dat awer scho méi komplizéiert, sot nach d’Josée Lorsché. Et misst een dann nämlech genee definéieren, wat Impfdrängelei dann iwwerhaapt ass. Si wär fir eng Strof, ma da misst een awer och wëssen, wat ee wéilt bestrofen, sou eis Invitée.

Éischtens misst ee sech froen, ob en Akt bewosst gemaach ginn ass, also ob sech bewosst virgedréckt ginn ass? Oder sinn et Leit, déi op eng Lëscht gerode sinn, déi validéiert gouf vun der Santé, da wär ee schonn an engem aneren Zenario. Respektiv een 3. Fall, wann eng Persoun eng eeler Persoun géing an den Impfzenter owes begleeden an da gesot kritt, dass nach een Impfstoff do wär an wann d'Persoun deen net wéilt, da géing en ewechgeheit ginn. Do géing sech d'Fro stellen, ob ëffentlech Gelder an d'Poubelle geheit ginn. Dat Beispill hätt den Ethiker Erny Gillen um Radio 100,7 ginn, sou d'Josée Lorsché.

Dofir misst ee fir d'éischt mol definéieren, wat genee bestrooft gëtt an a wéi engem Fall. Am Strofrecht géingen et jo och scho Strofe ginn, zum Beispill fir „Vol“ oder fir „Detournement vun ëffentleche Gidder“, respektiv „illegal Beschafe vu Gidder“.

Soll ee Covid-Impfpass agefouert ginn?

Eng Gesellschaft misst jidderengem déi selwecht Rechter garantéieren, och an enger Pandemie, an dofir ass d'Josée Lorsché retizent géintiwwer der Aféierung vun engem Covid-Impfpass, dee Geimpfte méi Rechter géing ginn. Den Ament wär medezinesch nach net bewisen, dass geimpfte Persounen net méi ustiechen an net méi krank kënne ginn an donieft géing een déi Leit diskriminéieren, déi nach net d'Chance kritt hätten, fir sech impfen ze loossen a Kanner souwisou net geimpft kéinte ginn. Deemno hätte Kanner da jo ëmmer vill manner Rechter. Dofir kéint dës Diskussioun eréischt gefouert ginn, wann all Mënsch d'Chance krut, sech impfen ze loossen, sou d'Invitée.

Mir mussen iwwer Ouverturen diskutéieren

Mir wären an enger Zäit, wou misst iwwer Ouverturë geschwat ginn, sou d'Josée Lorsché. De Mënsch wär net dofir gemaach, fir iwwer eng länger Zäit agespaart ze ginn. D'Pandemie-Middegkeet géing de Mënsch eben, wéi d'Wuert et seet, midd maachen. Dofir misst ee kuerzfristeg doriwwer diskutéieren, Ännerungen ze maachen, haaptsächlech am Horeca. Do misst dann awer och zesumme mat der Groussregioun gekuckt ginn, wéi een de Problem wéilt ugoen. Wat kuerzfristeg heescht, Deeg oder Wochen, huet déi gréng Fraktiounscheffin op Nofro hin, net präziséiert. Sport, Kultur, Museksveräiner, UGDA, dat wären awer alles Beräicher, wou een elo misst iwwer eng Ouverture nodenken, sou nach eis Invitée.

Invité vun der Redaktioun: Josée Lorsché

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.