En Donneschdeg war de President vun der Bréifdréieschgewerkschaft eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Zuel vun de Päck ass explodéiert, zejoert ass d'Zuel vu 4 Milliounen op 6 Milliounen eropgaangen. Dat sot de President vun der Bréifdréieschgewerkschaft Raymond Juchem. Hie war den Donneschdeg de Moien den Invité vun der Redaktioun. Well un dëser Evolutioun warscheinlech näischt wäert änneren, misst an den zoustännegen Zerwisser opgestockt ginn, notamment am Centre de tri, sou de Gewerkschaftsvertrieder.

Wat de Bréifdréieren onofhängeg vum Coronavirus Suerge bereet, ass d'Baisse beim Courrier. D'Digitaliséierung kéint op deem Punkt zum "Jobkiller" ginn. Den Ëmsaz bei de Publicitéiten op Pabeier wier agebrach. Dageszeitunge géingen ewechfalen. D'Gewerkschaft fuerdert, datt een aktiv ka matschaffen, fir d'Changementer am Beruff mat ze organiséieren.

Allgemeng wier d'Aarbecht vun de Bréifdréieren am leschte Pandemie-Joer eng aner gewiescht. Et hätt een alles dru gesat, fir den direkte Kontakt mam Client sou vill wéi méiglech ze reduzéieren. 

Zejoert hu sech awer och Problemer geléist. D'Zuel vun den duebelen Tournéeën ass staark erofgaangen. Do wiere Léisunge fonnt ginn, begréisst de Raymond Juchem. Den Dialog mat der Post wier och allgemeng gutt.

Datt Postbüroen zoumaachen, fënnt d'Gewerkschaft net gutt. Hie wier virun allem enttäuscht vun der Politik, déi hätt versot. Et wier ee bei alle Parteie gewiescht, ma déi hätten näischt ënnerholl.

Den Donneschdeg den Owend ass d'Bréifdréieschgewerkschaft fir hire virtuelle Kongress beieneen.

Invité vun der Redaktioun: Raymond Juchem

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.