E Mëttwoch war d'Vizepresidentin vun der Lëtzebuerger Croix-Rouge eis Invitée vun der Redaktioun.

Mir hunn als Croix Rouge gemierkt, datt mer vill méi gebraucht ginn. Covid a seng Konsequenze bréngt bei de Leit, déi méi eng kleng Pai hunn oder elengerzéiend sinn, vill Problemer mat sech. Dat sot d’Rita Krombach de Mëttwoch de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. Si ass Vizepresidentin vum Lëtzebuerger Roude Kräiz an zanter iwwer 35 Joer benevole fir d’Hëllefsorganisatioun engagéiert.

An den 8 Epiceries sociales hätt ee gutt gemierkt, datt d’Demande staark geklommen ass. Méi Leit hätten och bei der „Helpline sociale“ ugeruff – den Telefon 27 55 - an de Logement wär och an dëser Kris ee vun de gréisste Problemer...all déi Problemer wäre mat der Pandemie méi grouss ginn.

D’Leit wären awer weider ganz solidaresch mat Donen a géife vill spenden. Aktuell zwar manner fir d’Entwécklungshëllef a méi fir Besoinen hei am Land. Dat wär och ganz mënschlech an normal, fënnt d’Rita Krombach. De Mënsch géif sech de Moment méi op sech selwer a säin Entourage konzentréieren a manner un Afrika denken.

Lo am Abrëll huet d’Rout Kräiz och nees hire „Mois du don“. Wéinst dem Covid kënnt keen un d’Dier schellen, mä Flyere gi verdeelt an et kann een online spenden. Et kann een och geziilt wielen, wat genee ee wëll ënnerstëtzen.

D’Rout Kräiz ass jo och fir d’Bluttspenden zoustänneg. Virun engem Joer hat een en Opruff gemaach, well ee gefaart hat, datt manner Blutt gespent gëtt. Doropshin hu sech 2.000 nei Donateure gemellt. 1.500 konnte geholl ginn an ënnert dem Stréch huet ee bannent engem Joer 400 Donateure bäikritt.

Eng 13.700 Leit hei am Land si Bluttspender.

Invité vun der Redaktioun: Rita Krombach

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.