En Dënschdeg de Moie war de Generaldirekter vum CGDIS eisen Invité vun der Redaktioun.

En gudde Rettungsdéngscht géif et net zum Nulltarif ginn. An datt d'Rettungswiese mam neien nationale Rettungsplang méi deier géif ginn, wier gewosst gewiescht. Dat sot de Paul Schroeder, Generaldirekter vum CGDIS um Dënschdeg de Moien am RTL-Interview. Hien huet op d'Kritik vum Gemengesyndikat Syvicol reagéiert, datt de CGDIS d'Gemengen an Zukunft 10% méi géif kaschten. D’Inneministesch hätt dem Syvicol e klärend Gespréich proposéiert.

Den nationale Plang fir d’Organisatioun vum Rettungswiesen (deen eestëmmeg an der Chamber ugeholl gouf) gesäit vir, datt eng éischt Rettungsekipp bannent 15 Minutten op all Plaz am Land ass. Aktuell kann een dat zu 78% assuréieren. An 90-95% vun de Fäll wär een an 20 Minutten op der Plaz. 2025 wëll een och déi 36 Ambulanzen, déi ee brauch, garantéiert besat hunn. Fir ze vergläichen: De Moment vum Interview waren 29 vun de 36, déi mir bräichten, besat, sou de Paul Schroeder.

Fir sou e performante System ze garantéieren, brauch ee méi Professioneller am Rettungswiesen. Déi Fräiwëlleg wären net méi disponibel genuch, fir all d’Asätz ze garantéieren. Den Ament ginn et eng 4.000 Benevoller, an déi wéilt een op d’mannst halen. 500 nei Fräiwëlleg hu sech d’lescht Joer gemellt, ouni grouss Campagne. Dat weist fir de Paul Schroeder, datt Hëllefsbereetschaft, speziell villäicht am Coronajoer, do ass. 80% Fräiwëlleger an 20% Haaptberufflecher ass d’Zil. Als Haaptberufflechen muss een déi 3 Landessprooche schwätzen, fir sech ze mellen.

D’lescht Joer ass d’Zuel vun den Asätz stabel bliwwen, et gouf e Minus vun 1% bei ronn 60.000 Asätz. Et gouf däitlech manner Accidenter, och elo nach, dofir awer méi Krankentransporter.

Wat d’Impfungen ugeet, huet de Chef vum CGDIS erkläert, datt all d'Secouristen, déi Persounekontakt hunn, also mat der Ambulanz fueren, prioritär geimpft sinn oder ginn. Dat wär ongeféier d’Hallschent vun de Leit, eng 2.300. De Paul Schroeder geet dovunner aus, datt déi souwäit geimpft oder invitéiert sinn, genee Detailer huet een do net. 75% vun deenen, déi invitéiert goufen, hätte sech och impfe gelooss.

Déi Pompjeeën, déi keen direkte Kontakt hunn, kommen an den normalen Impfphasen drun.

D’CGDIS-Leit ginn awer och owes geruff, wann an engem Impfzenter Rechtdosissen iwwreg sinn. Hie selwer wier nach net geimpft, sot hien op Nofro hin.

De Paul Schroeder ass och schonn an den neien Zenter, de CNIS, bei de Rond-Point Gluck geplënnert. E puer administrativ Direktioune si schonn do. Am Juli plënnert d’Kasär vun der Areler Strooss. Am Oktober mécht den 112 de Schluss. Den neien Zenter läit manner ideal fir déi ganz Stad ofzedecken, dat gëtt de CGDIS-Generaldirekter zou. Mä et géif een eng nei Kasär um Findel kréien, fir d’Fluchhafepompjeeën, mä och fir de Kierchbierg, Neiduerf oder de Sennengerbierg mat ofdecken. An enger éischter Phas soll och eng Ekipp op der Areler Strooss bleiwen, sou de Paul Schroeder, fir den Nordweste vun der Stad ze couvréieren, bis och do e Standuert bäikënnt.

Invité vun der Redaktioun: Paul Schroeder

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.