En Donneschdeg de Moie war d'DP-Deputéiert eis Invitée vun der Redaktioun.

Mir brennen drop, datt den neie Fussballstadion op der Cloche d'Or den 1. September opgeet, mä et muss alles virdru klappen, sou d'DP-Sportschäffe vun der Stad Lëtzebuerg Simone Beissel en Donneschdeg de Moien am RTL-Interview.  De Bau hätt wéinst Corona Retard kritt,  a wéinst Fuerderunge vu Police an Uefa no méi engem performante Kamerasystem. Si wier awer optimistesch, datt den neie Stéchdatum fir d'Ouverture vum "Stade de Luxembourg", den 1. September,  kéint agehalen ginn. Da misst alles impeccabel sinn.

D'Simone Beissel hofft, datt d'Aarbechte bis den 30. Juli ofgeschloss kënne ginn. Duerno ginn 1-2 Testmatcher gespillt. Deemno wéi déi sanitär Situatioun ass, hofft d'Sportschäffen op d'mannst vereenzelt Spectateuren an de Stadion eranzeloossen.

Mir wëllen eis net dreiwe loossen

D'Simone Beissel ass och Co-Rapportrice vun der Verfassungsreform. En Donneschdeg de Mëtteg gëtt hiert Kapitel iwwert d'Grondrechter deposéiert. An och soss wier een ze lescht gutt virukomm an der Institutiounekommissioun.
Bei de Grondrechter zum Beispill gouf moderniséiert. Ënnert anerem mat enger neier, drëtter Kategorie, an där Ziler wéi Klimawandel, Biodiversitéit oder den Interêt vum Kand dra stinn.

Ma, och wat Roll vum Grand-Duc an d'Onofhängegkeet vum Parquet ugeet, wier ee sech mëttlerweil mat der CSV eens ginn. D'Stëmme vun der gréisster Oppositiounspartei sinn néideg, well d'Changementer just mat enger Zweedrëttel-Majoritéit duerch d'Chamber kënne goen. Wéini déi nei Konstitutioun endlech an der Chamber zum Vott kënnt, konnt a wollt d'Simone Beissel net soen. De Staatsrot géif grad net nëmmen wéinst de Covidgesetzer den Ament d'Rad schloen.

Wéinst der Komplexitéit an der Importenz vum Text misst all Wuert stëmmen. Fest steet awer, datt e separate Vott iwwert déi véier Kapitele geplangt ass, an en zweete Vott an der Chamber.

Verfassungsreferendum definitiv vum Dësch

Ganz wichteg ass der DP-Politikerin Beissel och eng intensiv Informatiounscampagne iwwert d'Verfassungsrevisioun.  Et wier wichteg, datt d'Leit sech mat der neier Constitutioun identifizéieren, well soss wier et keng gutt Verfassung. D’Leit misste se matdroen.

E Referendum nom éischte Vott an der Chamber wier awer keen Thema méi. D'Simone Beissel wëll sech net vun der adr soe loossen, d'Wieler belunn ze hunn. De Fernand Kartheiser géif d'Verfassung elo mol an der Institutiounekommissioun entdecken an hätt bei all Artikel eppes auszesetzen.  Den adr-Politiker géif d'Leit och op eng falsch Pist féieren. De Referendum sollt iwwert eng generell Verfassungsrevisioun sinn. Elo hätt een awer deen alen Text vun 1868 punktuell moderniséiert an a 4 Kapitelen adaptéiert. Da misst ee scho 4 Referendume maachen, sou d'Simone Beissel, déi awer net verstoppt huet, datt si dem Instrument Referendum éischter skeptesch géintiwwer steet. Wéinst de rezenten negativen Erfarungen, wéi se um Donneschdeg de Moie sot. De Risiko wier enorm, de Leit 140 Artikelen virzeleeën. Wann engem nëmmen een Artikel dovunner net passt, da géif dee ganzen Text refuséiert ginn an dann hätte mer nach an 20 Joer keng nei Verfassung.

Datt 25.000 Wieler a Wielerinnen sech zesummen dinn a per Ënnerschrëftesammlung e Referendum akloen hält d'DP-Zentrumspolitikerin fir wéineg probabel.

Invité vun der Redaktioun: Simone Beissel

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.