En Dënschdeg de Moie war den Direkter vun der Prisongsverwaltung eisen Invité vun der Redaktioun.

Mir gesi Liicht um Enn vum Tunnel. Am Prisong zu Schraasseg ginn et den Ament nach 13 positiv Corona-Fäll an 31 Prisonéier sinn a Quarantän.
Chifferen, déi géifen Hoffnung maachen, well virun zwou Woche waren nach iwwer 100 Leit a Quarantän an 30 Prisonéier goufe positiv getest. Dat wier keng einfach Situatioun gewiescht. Dat sot den Direkter vun der Prisongsverwaltung, de Serge Legil, en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview.

Quarantän am Prisong gëtt séier zu engem Sécherheetsproblem

Wann d'Detenuen a Quarantän sinn, dann heescht dat och, dass d'Agents pénitentiaires, d'Educateurs gradués, d'Psychologen, d'Assistants sociaux  an d'Soziologen, déi mat de Prisonéier a Kontakt sinn, riskéiere krank ze ginn. Dat heescht, et gëtt den Ament keng gutt Prise en charge, respektiv guer keng (ausser eng medezinesch), wann och déi Leit a Quarantän sinn, erkläert de Serge Legil. Den Ament bestéing eng gewësse Gefor, well d'Detenuen nervös ginn, well de partielle Lockdown dann dozou bäidréit, dass se souwisou nach manner Fräiheeten hunn an dat géing dann ee Sécherheetsproblem ginn. Wann dann d'Agents pénitentiaires nach krank géinge ginn oder a grousser Zuel net disponibel wäre wéinst der Quarantän, deen Ament kéint ganz séier e grousse Sécherheetsproblem entstoen,  sou den Direkter vun der Prisongsverwaltung.

Wéi koum de Virus an de Prisong?

Wéi de Virus an de Prisong koum, wéisst een net ganz genee. Et gi just Hypotheesen. Mee et kéint een net duerch ee Retracement oder duerch ee Cluster wierklech retracéieren, wou en hierkënnt.

Am Prinzip wären d'Visitte vu baussen eng Méiglechkeet, wéi de Virus an de Prisong koum an dat obwuel se ënner strengen Hygiènesmesuren organiséiert ginn (Plexiglas, Kontroll bei der Entrée). Oder eventuell duerch e Member vum Personal, deen asymptomatesch war. Ma da wär et wierklech Zoufall, mengt eisen Invité. Well d'Personal vill géing getest ginn.

Wat d'Verbreedung am Prisong ugeet, sou hätten d'Detenuen nach ëmmer Méiglechkeeten, ënnert sech ze kommunizéieren, déi den Autoritéite géinge echappéieren, egal wéi gutt ee géing kontrolléieren.

Impfskepsis am Prisong koum NET duerch e Manktem un Sensibilisatioun

D'Impfskepsis bei den Detenue géif net duerch e Manktem u Sensibilisatioun kommen. Do huet den Direkter vun der Prisongsverwaltung e Luef fir d'Personal ausgeschwat, déi sech all Méi ginn hätt, fir op d'Stäck ze goen a mat de Leit ze schwätzen. Et wären och all méiglech Affichen an allen Sprooche gemaach ginn, präziséiert de Serge Legil. Donieft wär d'Prisongspopulatioun eigentlech, duerch hir Kultur gepräägt, relativ Impf-affin. Vill Leit kéimen aus Afrika oder aus dem Osten, wou Vaccinatiounen een héije Status a Stellewäert hätten.

Ma e Grond kéint sinn, well an enger éischter Phase d'Giischtercher net mat geimpft goufen. Do hätten Detenuen dem Vaccin net getraut an Angscht gehat, et wier eng experimentelle Impfung, deen u Prisonéier géif getest ginn. Am Ganze goufen 149 op ronn 520 Prisonéier geimpft.

Firwat goufen d'Giischtercher net prioritär geimpft?

D'Prisongsverwaltung hat net, wéi d'CGFP et gemaach huet, gefuerdert dass verschidde sozio-professionell Gruppen (wéi Leit am Enseignement oder der Police) prioritär solle geimpft ginn. Am Prisong wär et einfach esou , dass 2/3 vun de Leit e Gesondheetsproblem hunn, deen deelweis grave ass duerch eng schlecht Hygiène de vie, Abus vun Alkohol an Drogen, vill Hepatitten, vill Aids, déi géinge maachen, dass d'Leit ganz ufälleg wären – änlech wéi an engem Altersheem, erkläert den Direkter vun der Prisongsverwaltung. An d'Gardienen hätte vill Kontakt och mat positiven Detenuen an deemno war et d'Fuerderung, se och ze impfen, ma ebe fir d'éischt Detenuen.

De Serge Legil betount awer, dass hie géing verstoen, firwat bei de Gardienen doduerch extrem vill Frustratiounen entstane sinn. Ma relativ séier wär jo dunn déi politesch Decisioun geholl ginn, fir d'Gardiene mat ze impfen.

Prisongsreform: Nei Procédure de traitement pénologique

D'Haaptzil vu der Prisongsreform 2018 ass eng Minimiséierung vum Risk vun enger Recidive an dat net just am juristesche Sënn, mee einfach, dass verhënnert gëtt, dass iergendeng nei Strofdot begaange gëtt an donieft och d'Reintegratioun an d'Gesellschaft, erkläert den Direkter vun der Prisongsverwaltung. Fir dass dat gléckt, géing een direkt am Ufank, wann een neie Prisonéier kënnt, engersäits kucken mat wiem een et ze dinn huet (Sproochekompetenzen, Originnen, Niveau d'études, familiär a finanziell Situatioun) an anerersäits géing een analyséieren, wéi héich de Risk vun enger Recidive ass. Wann dëse Risk méi wéi mëttel-héich ass, da géing een dorop schaffen, mat ganz individuelle Mesuren. Déi géingen dann no an no ugepasst an och evaluéiert ginn. Duerno wären d'Chancen da méi grouss, dass de Risk vu Recidiven ëmmer méi kleng gëtt an d'Chance fir eng sozial Reinsertioun ëmmer méi grouss, sou de Serge Legil. Nei dorunner wär eigentlech just, dass all Mënsch, deen am Prisong schafft, dora säi Rôle misst spillen: Formateuren, Educateuren an d'Gardienen. Och de Sport an d'Kultur wären doran integréiert. Et ass ee gesamte Package, sou nach den Direkter vun der Prisongsverwaltung Serge Legil.

Invité vun der Redaktioun - Serge Legil

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.