E Méindeg de Moien war d'Directrice vum Zenter fir sozio-emotional Entwécklung eis Invitée vun der Redaktioun.

Ängschten an Angscht si wéinst der Corona-Pandemie e grousst Thema bei Kanner a Jonken. Dat sot d'Diane Dhur de Moien hei op der Antenn. Zanter Februar wieren d'Ufroe vun Elteren an Enseignanten, déi Hëllef brauchen, op engem héijen Niveau, wat och méi laang Waardezäite fir eng Prise en charge matsechbruecht hätt.

Eltere géinge sech mellen, wa se sech Suerge maachen, well sech hiert Kand vläicht anescht verhält, an der Schoul opfälleg ginn ass oder well se hir Kanner net méi verstinn oder d'Kanner net méi wéilten an d'Schoul goen. Och vill Enseignantë géinge sech all Dag mellen, fir e Coaching ze froen. Am Februar hätt een awer däitlech méi Ufroe vu Schoule gehat. Mëttlerweil wären et awer méi Elteren, déi sech géinge mellen.

Pandemie ass wéi e Marathon ma ouni Zil a Siicht

Dat een eréischt no bal engem Joer Pandemie op eemol am Januar/Februar mat esouvill Demanden iwwerrannt ginn ass, vergläicht d'Direktesch vum CDSE mat engem Marathon. Am Ufank wär een nach motivéiert an et géing een zouversiichtlech an d'Situatioun goen, mä wann et méi laang géing undaueren, da géing ee lues a lues seng Ressourcë verbrauchen an dat wär lescht Joer geschitt. Besonnesch de Wanter hätt de Kanner a Jonke vill ofverlaangt. An bei engem Marathon hätt een en Zil a Siicht an et wéisst een, wou een tëschenduerch drun wär an d'Pandemie hätt dat awer net erlaabt. Donieft géing fir déi Jonk dobäikommen, dass se net genee géinge wëssen, wéi et mat hirer schoulescher Zukunft ausgesäit, sou d'Diane Dhur.

Net genuch Moyenen
Et kënnt een der Aarbecht bal net méi hannendrun, erkläert d'Direktesch vum CDSE.  Et hätt een laang Waardezäiten an donieft och Infrastruktur-Problemer. Den Ament géing een och no engem neie Gebai sichen, fir de Jonke méi Plaz ze bidden.

Wéinst de laange Waardelëschte géing een mëttlerweil direkt op d'Plaz kucke goen, fir sech e Bild ze maachen, an de Leit z'erklären, dass et bësse kéint daueren, bis dass een de Jonke kéint konkret hëllefen. Dofir géing een dann awer Tuyaue ginn, fir an der Tëschenzäit e bëssen ze hëllefen, besonnesch well d'Situatioun vu ville Jonke meeschtens och ganz hefteg wär, sou eis Invitée.

Souguer, wann d'Pandemie eriwwer wär, géinge sech d'Problemer net vun haut op Muer léisen. Dacks wäre bei de Concernéierten och scho virdru Problemer gewiescht, déi sech dann duerch déi sanitär Krise verstäerkt hätten. D'Diane Dhur ass awer zouversiichtlech, dass d'Kanner selwer och ganz vill Ressourcë kënne mobiliséieren, fir d'Situatioun z'iwwerstoen.

Angscht ass dat gréissten Thema
Et wäre ganz kloer d'Ängschten, déi den Ament géingen iwwerweien. D'Angscht wär ee grondleeënd Gefill vun de Mënschen, d'Angscht virum Doud wär och iwwerliewenswichteg an d'Mënsche wären extrem sozial Déiere an drop ugewise mat hirer Häerd verbonnen ze sinn. Sozial ausgeschloss ze sinn, kéint dofir immens mächteg Ängschten ausléisen. A Kanner a Jugendlecher géingen déi Ur-Angscht ganz staark spieren an d'Gemeinschaft sichen an dat wär an de leschte Méint net wierklech méiglech gewiescht. An och déi virtuell Gemeinschaft wär dofir keen Ersatz.

Extrait Diane Dhur

Ganz wichteg wär et do, als Erwuessenen, present ze sinn an een oppent Ouer ze hunn. Kanner géingen hir Ängschten ausdrécken an och, wann et dacks dat selwecht wier an een als Erwuessene géing denken „ohh net schonn erëm“, misst een dann awer nolauschteren a versichen ze verstoen, well dat Thema wier dann net fir si erleedegt. Et géing dann och Technike gi fir géint d'Angscht virzegoen. Den CDSE hätt een eng Broschür un d'Enseignantë geschéckt, fir dass si dat och aktiv an hire Cours kéinte mat abannen. Zum Beispill Mediatioun, Achstamkeets-Übungen, Muskelkontraktiounsübungen, Dram-Reesen an dat géingen d'Kanner och ganz gär maachen. Fir Jonker wären och Beweegungsübungen am Klasseraum ganz wichteg, fir Sauerstoff zeréck an d'Gehier ze bréngen. Dorun hätt et d'lescht Joer vill gefeelt.

Vill Kanner beweegen sech net genuch

Eng wichteg Strategie géint Ängschte bei Jonke wier och d'Beweegung. Scho virun der Pandemie hätt et doru gefeelt, dofir hätt een de Projet „Clever Move“ gegrënnt, wou d'Enseignantë wärend dem Unterrecht 20 Minutte Beweegung mat erafléisse loossen. Leider géing een och mierken, dass d'Kanner net onbedéngt de Wee zréck an d'Veräiner géinge fannen, sou d'Direktesch vum CDSE. Do misst een en An drop halen. Et hätte sech vläicht aner Gewunnechten entwéckelt, respektiv eng gewëss Bequeemlechkeet installéiert, mä dofir misst ee gezielt eppes maachen, fir dass d'Kanner nees méi Beweegung kréien.

Fokus soll elo NET op schoulesche Retarde leien

Donieft wär et wichteg de Fokus elo net op kognitiv Defiziter oder schoulesch Retarden ze leeën, mä de Kanner Techniken ze ginn, fir Stress ze bewältegen oder wat ze kënne maachen, wann Emotiounen héich kommen. Dat misst awer ageüübt ginn, well et kéint een et net einfach mol ofruffen, wann een eng Panikattack hätt. Dat misst am Virfeld gemaach ginn, sou d'Diane Dhur.

D'Pandemie hätt de Jonke vill ofverlaangt, ma se hätte sech exemplaresch verhalen a sech un d'Reegele gehalen, déi een hinnen ginn hätt. Dofir kéint een hinnen "Merci" soen, sou d'Diane Dhur. Een anert positiivt Element aus dëser Pandemie wier dann och, dass vill Leit erkannt hätten, wéi wichteg d'Natur als Ressource wier an dass et Freed géing maachen, eppes zesummen z'ënnerhuelen, sou nach d'Direktesch vum Zenter fir sozio-emotional Entwécklung.

Invité vun der Redaktioun: Diane Dhur

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.